Erfolgreiche ePaper selbst erstellen
Machen Sie aus Ihren PDF Publikationen ein blätterbares Flipbook mit unserer einzigartigen Google optimierten e-Paper Software.
Taina Bofferding (LSAP): „Merci, just

ganz kuerz. Meng Ënnerstëtzung fir de

Projet hutt Dir. Et ass e ganz flotte Projet

a mir hunn hei iwwer Energiespuere

geschwat an do géif ech einfach mol

d‘Fro stellen, ob et normal ass, dass mir

hei am Sall d‘Heizung un hunn?“

Buergermeeschter Lydia Mutsch (LSAP):

„Fir mech jo, wa Wanter ass. Merci,

Madame Bofferding. Et wier dann um

Här Bernard an duerno déi Häre Weidig

an Zwally.“

Zénon Bernard (KPL): „Jo, Merci. Den

Här Schäffen Huss huet et schonn ugesprach,

wichteg ass an esou enger Situatioun

ze wësse wéi d‘Verdeelung vum

Kapital an esou enger Sociétéit ass. An

duerfir huet hien och berechtegterweis

dat Thema ugeschnidden, well soss,

deemno wéi déi Verdeelung ass, wann

d‘Proportiounen net stëmmen, dann

investéiert d‘Gemeng Esch vu mir aus

100.000 € anzwousch, wéi dat hei jo elo

ukléngt a si huet näischt ze soen. De

Risiko besteet wann eng ongesond Verdeelung

vum Kapitalinvestissement ass,

vun der Privatindustrie zum Beispill par

rapport zur Gemeng, dann ass dat u sech

net esou positiv.

Dat zweet ass, ech begréissen dee Virschlag

deen och elo vum Schäffe

gemaach ginn ass, dass och Sudstroum

do mat eragezu soll ginn an ech erënneren

drun, an dat ass awer elo vläicht op

engem aneren Niveau gelagert wat ech

soen, dass ech nach wie vor der Meenung

sinn, dass Sudstroum a Sudgaz solle

versichen eng gemeinsam Sociétéit ze

grënne fir international a regional méi

kompetitiv ze sinn am Zesummenhang

mat hirer Aktivitéit déi se developpéieren.

Ech ënnerstëtzen natierlech dee Projet do

mat deene Remarquen déi ech wëll

gemaach hunn.“

Schäffe Jean Huss (DÉI GRÉNG):

„Dann ass et um Här Weidig gewiescht,

mengen ech.“

Paul Weidig (LSAP): „Ech géif

mengen, dass dee Projet hei, Energy

Learning, e Projet ass dee sech am Fong

ganz gutt areit an d‘Ambitioune vun

enger Unisstad an och vun enger Stad

déi d‘Recherche a virun allem och d‘Innovatioun

staark ënnerstëtzt. Dass en an

esou eng Stad eragehéiert. Wat elo de

Kapital ubelaangt, do wäert eise Schäffen

nach eppes dozou soen, awer esou wäit

ech informéiert sinn, sinn aner Zommen

am Spill, haaptsächlech vun der Chambre

de commerce, vum Ministère oder vun

der FEDIL déi dach relativ importent sinn.

11. „Learning Factory“ à Esch

Et ass och eng Participatioun vun der

ARCELOR virgesinn. Ech mengen dozou

wäert de Schäffen nach e Wuert soen an

ech fannen et wichteg, dass mir als Stad

Esch do effektiv mat 100.000 € praktesch

um selwechten Niveau wéi Enovos an

dëse Projet eraginn.

Dass mer en zweet Standbeen an der

Gesellschaft kréien, dat ass, well Sudstroum

am Fong geholl, invitéiert gëtt fir

100.000 € eranzeginn. Dat entscheede

mir awer net, sondern dat misst am Fong

den Actionnaire unique, an dësem Fall de

Schäfferot décidéieren, awer net vergiessen

dann och nach den Avis vum Conseil

de surveillance ze froen.

Also nach eng Kéier, wéi gesot, et ass en

interessante Projet. E ganz innovative

Projet deen um Belval stattfënnt, dee wéi

dat och hei am Bréif steet, e Maillon supplémentaire

duerstellt an der Philosophie

vun der Cité des Sciences. Mir hunn, géif

ech mengen, als Stad ee groussen Avantage,

dass mir nach wierklech Stadwierker

hunn déi eis gehéieren. Mir sinn déi

eenzeg am Land. Mir mussen eis däers

bewosst sinn. Mir hunn do e ganz grousse

Potential a mir sollen dee wierklech

sënnvoll asetzen, dat heescht, dass mer

an d‘Richtung vun erneierbaren Energie

ginn. Eigentlech passt alles zesummen an

duerfir géif ech mengen, dass déi

100.000 € déi mer do investéiere ganz

gutt ugeluegt sinn an och déi 100.000 €

vu Sudstroum, déi gehéieren och vis-à-vis

vun aneren Träger, déi aner um Niveau

hunn. Natierlech Enovos ass en nationalen,

eng national Gesellschaft. Sudstroum

ass méi oder wéineger eng lokal, regional

Gesellschaft, desse musse mer eis awer

bewosst sinn. Mir mussen awer mat zwee

Féiss um Buedem bleiwen an ech fannen

dat eng gutt Initiativ, dass mer mat zwee

Standbeener, déi och finanziell net wéineg

duerstellen, mä dass mer do awer

Afloss behalen an där Gesellschaft an dat

läit wierklech an der Energiepolitik vun

eiser Stad. Merci.“

Buergermeeschter Lydia Mutsch (LSAP):

„Merci, Här Weidig. Dann de leschten

agedroene Riedner ass den Här Zwally an

duerno den Här Baum nach.“

André Zwally (CSV): „Merci, Madame

Buergermeeschter. Ech wollt am Numm

vun der CSV soen, dass mer dat do

selbstverständlech mat ënnerstëtzen. Eng

Formatioun an deem dote Beräich ass kee

Luxus. Mir wëssen alleguerte mat wat

dass mer konfrontéiert sinn innerhalb vun

der weltwäiter Ëmweltdiskussioun an

duerfir si mer och frou, dass hei eng Initiativ

geholl ginn ass fir um Niveau vum

Quartier Belval esou eppes opzerichten.

Escher Gemengerot vum Freideg 13. Juli 2012

33

Mir hunn elo hei vun deenen Acteure

geschwat déi sech mat erabréngen an déi

ganz Diskussioun eran, respektiv och an

dat wat soll gemaach ginn. Et ass fir eis e

wichtege Facteur, virun allem och dee

vum Statut. Ech mengen den Här Baum

wäert och op dat doten ze schwätze

kommen. Fir eis ass wichteg ze wësse wéi

déi Sociétéit, respektiv a wat fir eng Richtung

dass dee Statut geet, well mer einfach

der Meenung sinn, dass et hei net

nëmmen eleng dierf op wirtschaftlech

Aspekter opgebaut sinn. Et kann een e

bëssen d‘Impressioun kréie wann een déi

Acteure kuckt déi eigentlech hei am

Ufankstadium mat dobäi sinn, da begréisse

mer dat, mä et soll een awer och wëssen,

datt dat net soll mëssbraucht gi fir

nëmme wirtschaftlech Aspekter do erauszezéien,

mä et soll offe sinn an transparent

si fir jiddwereen dee wëll an där

doter Logik mat schaffen.

Deem gesot, si mer frou wann eng Offenheet

bleift. Mir sinn och frou wann Transparenz

dra bleift a mir sinn dann duerfir

och bereet fir dat heite mat ze ënnerstëtzen.

Ech soen Iech Merci.“

Buergermeeschter Lydia Mutsch (LSAP):

„Merci, Här Zwally. An dann elo awer de

leschte Riedner, den Här Baum.“

Marc Baum (DÉI LÉNK): „Merci,

Madame Buergermeeschter. Ech kann dat

wat virdru gesot ginn ass, just ënnerstëtzen.

Et ass wichteg, datt d‘Escher

Gemeng un deem dote Projet bedeelegt

ass, souwuel als Gemeng selwer wéi awer

och iwwert d‘Gesellschaft Südstroum.

Besonnesch en vue dovunner datt deen

anere groussen Acteur, Enovos, och an

där Sociétéit dran ass an datt déi Sociétéit

Know How entwéckelt an d‘Praktiken

entwéckelt déi immens wichteg sinn och

fir de Wirtschaftsstanduert Esch an datt et

aus där Perspektiv immens wichteg ass,

datt och Sudstroum dorunner participéiert.

Wat den Här Zwally virdrun ugedeit huet,

ass mengen ech effektiv wichteg. Och

den Här Bernard ass drop agaangen. De

Statut vun der Societéit an d‘Statute vun

der Societéit sinn immens wichteg. Wann

ee kuckt wéi eng Partner, mat wéi enge

Partner een et do ze dinn huet, kann

d‘Gefor bestoen, datt ee ganz séier an

eng Situatioun kënnt, datt dat eng Entwécklung

kéint huelen déi een net

onbedéngt wéilt an duerfir géife mir als

Lénk insistéieren doropper, wat souwisou

de Fall wäert sinn, datt dat nach eng

Kéier an de Gemengerot och kënnt,

nodeems mer elo de Budget votéieren, a

wou mer och nach eng Kéier kucken,

ween huet wéi eng Parten? Wéi sinn

d‘Décisiounsprozesser? Wéi fannen déi