23.08.2013 Aufrufe

2012 - Esch sur Alzette

2012 - Esch sur Alzette

2012 - Esch sur Alzette

MEHR ANZEIGEN
WENIGER ANZEIGEN

Erfolgreiche ePaper selbst erstellen

Machen Sie aus Ihren PDF Publikationen ein blätterbares Flipbook mit unserer einzigartigen Google optimierten e-Paper Software.

4.b. Motion Südspidol; décision / 5. Implantation du siège de l‘Office Régional du Tourisme

Buergermeeschter Lydia Mutsch (LSAP):

„Villmools Merci, Här Hinterscheid. Da

kéime mer zur Ofstëmmung vun dëser

gemeinsamer Motioun.“

Conseillers présents:

M. Marc Baum – M. Zénon Bernard –

Mme Taina Bofferding – M. Daniel

Codello – M. Marco Goetz – M. Mike

Hansen – Mme Annette Hildgen – M.

Henri Hinterscheid – M. Jean Huss – M.

Théid Johanns – M. Martin Kox – Mme

Lydia Mutsch – Mme Vera Spautz – M.

Jean Tonnar – M. Paul Weidig – M.

Everard Wohlfarth – M. André Zwally

Le Conseil Communal approuve à

l’unanimité la motion suivante:

«Le Conseil communal,

Tenant compte de la décision du

Conseil de gouvernement du 21

décembre 2011 à «autoriser le CHEM

à entamer les travaux de planification

en vue de la construction d’un hôpital

uni-site dans la région Sud»;

Considérant les discussions et explications

au sujet d’un futur hôpital de

la région Sud lors de sa réunion à huis

clos en date du 6 juillet courant;

Soulignant les liens historiques étroits

entre la Ville d’Esch-sur-Alzette et le

CHEM (anciennement HVEA);

Rappelant les objectifs du programme

directeur d’aménagement du territoire

arrêté par le Gouvernement en conseil

du 27 mars 2003, soulignant que les

centre d’ordre moyen tel que la ville

d’Esch-sur-Alzette «offrent des services

sanitaires complets (un ou plusieurs

hôpitaux, des médecins spécialistes,…)…»;

Considérant l’importance d’abriter des

structures hospitalières sur le territoire

de la ville universitaire afin de faciliter

les liens et les échanges entre ces deux

in stitutions;

Exprimant sa volonté politique que le

nouvel hôpital de la région Sud devra

être construit sur le territoire de la ville

d’Esch-sur-Alzette;

invite le collège des bourgmestre et

échevins à présenter trois sites potentiels

sur le territoire de la ville d’Eschsur-Alzette

à la Commission administrative

du CHEM afin de les faire analyser

par l’expert externe en vue de

l’implantation future du «Südspidol»

sur le site le mieux approprié»

5. Implantation du siège de l‘Office

Régional du Tourisme Sud à Eschsur-Alzette;

a) Information

b) Devis et crédit spécial; décision

Buergermeeschter Lydia Mutsch (LSAP):

„Sou, mir kéinten da weiderfuere mam

Punkt 5, Korrespondenz hat ech d‘éinescht

vergiess ze soen, dass mer do

keng spezifesch Pièce dran haten.

Bei Punkt 5 hu mer direkt zwou gutt

Nouvellen. Déi éischt ass déi, dass mir de

Siège vum neien Office régional du tourisme

op Esch kréien, wat mir fannen,

sech och passt fir d‘Haaptstad vum

Süden.

An zum zweeten hu mer de Plaiséier an

eiser Mëtt den nei President ze hu vum

ORT Süden an der Persoun vum Här Jean

Huss, deem mer och dann do ganz häerzlech

félicitéieren.

Bon, dat gëtt fir d‘Südregioun enorm

wichteg, deen Office régional an do kréie

mer d‘Geleeënheet fir jiddwerengem ze

weisen, dass mer wuel d‘Land der roten

Erde sinn awer nach vill méi, an dass mer

déi Zukunftsregioun par excellence sinn

déi een och touristesch vill méi staark

muss vermaarkten. Ech géing dann dem

Schäffen Huss a gläichzäiteg dem neie

President vum ORT d‘Wuert ginn.“

Schäffe Jean Huss (DÉI GRÉNG):

„Merci, Madame Buergermeeschter. Ech

wëll vläicht ufänke just mat deem bautechnesche

Volet do derbäi, dat heescht

mat deenen neie Büroen déi mer do dem

ORT Süden hei zu Esch zur Verfügung

stellen. Déi Büroe sinn an der Dicksstrooss,

do wou fréier ëmmer de Service

culture war. An et ass natierlech kloer wa

mer wëllen deen ORT Süden och hei, a

mer wollten dat, hei op Esch kréien, dann

ass et kloer, datt mer natierlech deene

Beamten déi do agestallt wäerten nach

ginn, datt mer deenen do déi Raimlechkeeten

an engem Zoustand mussen zur

Verfügung stellen, deen dann exzellent

ass an deen deem entsprécht wat dat do

soll ginn. An dofir ass also dee Kredit dee

mer hei solle votéiere vu 35.000 € fir

ganz einfach déi Büroen a stand ze setze

souwuel wat de Vitrage ubelaangt, wéi

wat de Mobilier ubelaangt, wéi wat de

Buedembelag ubelaangt an esou virun,

do mussen eng Rei Aarbechte gemaach

ginn. Mir hunn am ORT Süden versprach,

datt dat bis Enn September de Fall wäert

sinn. Wat da mat sech wäert bréngen, wa

mer dat fäerdeg hunn, datt mer och eng

offiziell Ouverture wäerte maache vun

deenen neie Büroe fir den ORT Süden. An

et ass och esou, datt mer fir de 27. September

och schonn eng Assemblée générale

extraordinaire vum ORT Süden aberuff

hu fir do engersäits nach kënnen nei

Memberen ze akzeptéieren, Gemengen,

an anerersäits och fir d‘Syndicats d‘Initiatives

vun deene respektiven Uertschafte

mat do derbäi ze kréien, well et ass kloer,

Escher Gemengerot vum Freideg 13. Juli 2012

21

datt natierlech Vertrieder vun de

Gemengen déi sinn déi engersäits wësse

wat an hirer Gemeng do ass a wat sënnvoll

ass, mä datselwecht gëllt natierlech

och fir d‘Syndicats d‘Initiatives an dat

wëlle mer versichen da fir de 27. September

op enger Assemblée générale extraordinaire

ze maachen.

D‘Madame Buergermeeschtesch huet

einleitend scho gesot wat fir eng wichteg

Roll an Zukunft dem Tourismus och hei

am Süde wäert zoukommen. Ech wëll

dozou och just, fir datt mer net ze vill

laang driwwer schwätzen, just Folgendes

soen: bis elo war den Tourismus hei am

Süden, relativ gesinn, e wéineg d‘Stéifkand

vum Tourismus hei am ganze Land.

An dat obscho mer eigentlech ganz vill

hei ze bidden haten, hunn an nach vill

méi wäerte kréien. Dat gëllt engersäits fir

eis schéin Naturlandschaften déi mer

hunn, fir eis Tagebaugebidder, historesch

gesi fir eis Industrie, eisen Industrietourismus

a Minnentourismus. Och wat

ganz wichteg an Zukunft wäert sinn, dat

ass de sougenannten doucen Tourismus,

well wann ee wëllt déi Naturlandschaften

oder déi Minnen oder aner Saache

be siche goen, och d‘Universitéit, da

bedeit dat datt mer en Tourisme doux

mussen entwéckelen. Dat heescht datt

mer e kohärent Netz vu Vëlospiste wäerte

kréien, e kohärent Netz vu Wanderweeër

musse kréien. All dat ass zum Deel do,

muss awer nach ausgebaut ginn.

Doniewent en extrem wichtegen neie

Facteur an deem Tourismus hei am

Süden, ronderëm d‘Universitéit. Nämlech

de Begrëff Kongresstourismus. Dat

heescht, wann do Kongresser stattfanne

vun alle méigleche Sparte vun der Universitéit,

mat Akademiker déi aus dem

Ausland kommen, déi Leit erwaarden och

vun eis datt se dann hei an Acceuil, och

en touristeschen Accueil wat d‘Sehenswierdegkeeten

ugebuede kréien. Net

nëmmen datt se am Sall sëtze fir ze

schwätzen, mä datt se och kënnen an

deenen Deeg wou se hei sinn, kënne

schéi Saache gewise kréien. Well mir

hunn, wéi gesot, flott Saachen ze weisen

an dofir ginn et also eng ganz Rei vun

Aspekter. Mat der Uni komme ganz vill

Jugendlecher dohinner, dofir hu mer jo

déi Auberge de la Jeunesse déi mer elo

hei bei der Gare wäerte bauen.

Et ass also eng ganz Rei vun Aspekter déi

maachen datt hei de Süden, d‘Südregioun

am Tourismus an den nächste

Joere vill méi Bedeitung muss kënne

kréien. Et ass och dofir, an haaptsächlech

dofir, wou ech mech doranner engagéiert

hunn, well dat och dann als Tourismus en

neie Wirtschaftsfacteur ka ginn. Wann ee

vun neiem Wirtschaftsfacteur schwätzt,

Hurra! Ihre Datei wurde hochgeladen und ist bereit für die Veröffentlichung.

Erfolgreich gespeichert!

Leider ist etwas schief gelaufen!