Sie wollen auch ein ePaper? Erhöhen Sie die Reichweite Ihrer Titel.
YUMPU macht aus Druck-PDFs automatisch weboptimierte ePaper, die Google liebt.
11. „Learning Factory“ / 13. Etat des restants de l‘exercice 2011 / 14. Modification budgétaire / 15. Devis et crédits spéciaux

statt an där neier Societéit, well ech

mengen datt dat och entscheedend ass

fir den Erfolleg an och fir den Interêt vun

der Gemeng.“

Buergermeeschter Lydia Mutsch (LSAP):

„Merci, Här Baum. Nach e puer Äntwerte

vum Här Huss.“

Schäffe Jean Huss (DÉI GRÉNG): „Jo,

awer just e puer Äntwerten zu deene

Remarquen déi gemaach gi sinn. Fir ze

soen, datt de finanzielle Montage dee

mer, wou mer Iech elo proposéieren dat

hei ze stëmmen, fir déi 100.000 € do ze

stëmmen, wou mer och wäerte versichen,

well mer jo 100% Actionnaire vu

Sudstroum sinn, dat och an deem Kontext

esou duerch ze setzen. Ech mengen

dat dierft eis jo net schwéier falen a

selbstverständlech, Här Weidig, wäerte

mer den Avis vum Conseil de surveillance

froen do derbäi. Ech mengen et ass ganz

kloer datt mer dat wäerte maachen.

Elo wat d‘Verdeelung vum Kapital

u belaangt, muss een natierlech wëssen,

well dat jo vum Här Bernard a vum Här

Baum ugeschwat ginn ass, muss een

natierlech wëssen, mir sinn net den

Haaptactionnaire hei dran. Ech mengen

dat ass ganz kloer. D‘Haaptactionnairen

hei wäerten op där enger Säit sinn de

Stat, d‘Ministèren an op där anerer Säit

net Enovos, nee, mä d‘Chambre de commerce.

Ongeféier gläichgewiichteg. Stat,

Chambre de commerce. Well hei gesot

ginn ass Enovos als een Haaptactionnaire,

nee. Enovos ass e klengen Actionnaire an

deem heite Projet. Mir sinn, wa mer

d‘Gemeng a Sudstroum zesummen huelen,

si mir méi e groussen Actionnaire,

Gemeng a Sudstroum par rapport zu

Enovos. Mir sinn awer op eng gutt Kollaboratioun

zwësche Sudstroum an Enovos

a Gemeng an Enovos an esou virun

natierlech aus, an dat wëlle mer an

Zukunft och esou maachen. Eventuell

och op aner Projeten. Well et näischt géif

bréngen, datt et zu iergendenger topescher,

kommerzieller Konkurrenz géif

kommen. Mir hunn eist Stadwierk. Mir

verdeedegen d‘Interête vun eisem Stadwierk

an op där anerer Säit si mer frou,

datt Enovos als national Gesellschaft hire

Siège op Esch bréngt, well dat fir eis ganz

positiv wäert sinn. A mir wäerte kucken

an deem Sënn Accorden, permanent

Accorden och an Zukunft ze maache vu

weiderer Zesummenaarbecht tëschent

Enovos a Südstroum op där enger Säit.

Mä hei ass jo méi e grousse Projet wou

och ganz aner Acteure mat dobäi sinn.

Mir stinn, wat d‘Statuten ubelaangt, a

ganz enker Zesummenaarbecht mam

Ministère, mat der staatlecher Stell fir ze

kucken datt déi Saachen esou geregelt

sinn, datt et fir eis net nëmmen um

prinzi pielle Plang, um Plang vun den

Ideeën eng richteg Saach ass, mä datt

dee Projet och geléngt. Well et ass

mengen ech vum Här Zwally gesot ginn,

well een net nëmmen däerf no ekonomeschen

Aspekter do kucken, mä et muss

een awer och duerno kucken. Mir gi jo

awer net hei an e Projet era fir datt herno

ekonomesch Verloschter solle realiséiert

ginn. Mir si schonn interesséiert drun,

datt dat e Projet ass dee sech net nëmme

wäert droen, mä deen och e gewësse

Benefice eventuell no e puer Joer kann

ofwäerfen, well et e Projet ass dee mer jo

net nëmme fir eis Lëtzebuerger Betriber

offréieren. Dat heescht déi Formatioun

soll net nëmme fir Lëtzebuerger Industrien

a Betriber offréiert ginn, mä mir

gesinn dat schonn als e Projet dee fir

d‘Groussregioun do ass, well an der

Groussregioun ronderëm ass keen esou e

Projet do. Ech hat et virdru scho gesot,

an Däitschland an a Frankräich gëtt et

esou Projeten, mä an der Groussregioun

gëtt et keen. An et kann een also déi Servicer

vu Formatioun zum Energie spueren

an zur Energieeffizienz iwwert eis Grenzen

eraus an der Groussregioun offréieren

an ech wënsche mer souguer, Här Zwally,

datt et wierklech e Projet gëtt dee vläicht

no deem éischte Joer oder wat vläicht

méi schwéier ass, duerno wäert esou vill

Erfolleg hunn, datt e Beneficer ofwerft.

Fir wat soll e keng Beneficer sollen däerfen

ofwerfen? A wann e Beneficer da

wäert ofwerfen, dann ass dat och fir eise

Budget natierlech net schlecht, well mer

Actionnaire mat dobäi sinn. Dat ass also

de Stand vun der Diskussioun wéi mer

Iech en hei kënnen ubidden. Ech soen

Iech dat ganz éierlech, et ware keng liicht

Verhandlunge fir dat doten ze maachen.

Mir hunn awer dat erreecht wat mir wollten.

Dat hu mer erreecht. Mir ginn als

Escher mat dran, mä mir ginn och mat

eiser Elektrizitéitsgesellschaft mat dran,

an de Projet do mat eran. An dat ass gutt

esou, dat ass gutt dass dat elo esou ass

an ech menge wann elo nach Detailfroe

kommen iwwert d‘Fonctioun an esou virun,

da komme mer natierlech, oder

Ännerungen un deem engen oder anere

Punkt, da komme mer natierlech nach

eng Kéier bei Iech hei an de Conseil fir

dat mat Iech ze dis kutéieren. Dat gesot,

géif ech Iech proposéieren dann deene

finanzielle Proposen hei zouzestëmmen.“

Buergermeeschter Lydia Mutsch (LSAP):

„Au vote.“

Escher Gemengerot vum Freideg 13. Juli 2012

34

Conseillers présents:

M. Marc Baum – M. Zénon Bernard –

Mme Taina Bofferding – M. Marco

Goetz – M. Mike Hansen – Mme Annette

Hildgen – M. Jean Huss – M. Théid

Johanns – M. Martin Kox – Mme Lydia

Mutsch – Mme Vera Spautz – M. Jean

Tonnar – M. Paul Weidig – M. Everard

Wohlfarth – M. André Zwally

Le Conseil Communal décide à l’unanimité

de donner son accord quant à

une contribution directe à hauteur de

100.000,00 e au projet «Energy Learning

Factory» et de devenir membre

fondateur de la ELF.

12. Taxes, tarifs et redevances

communales : adaptation;

décision

Dëse Punkt gouf op e spéideren Datum

verluet.

13. Etat des restants de

l‘exercice 2011; décision

Buergermeeschter Lydia Mutsch (LSAP):

„Sou, mir kommen elo zu e bësse manner

spannende Punkten um Ordre du

jour déi awer och wichteg sinn. Dat

éischt dat ass den Etat vun de Restante

vum Exercice 2011 an do hu mer en Total

vum Ordinaire vun 1,79 Mio wou ech

Iech da géing bieden hei Ären Aval ze

ginn. Au vote.“

Conseillers présents:

M. Marc Baum – Mme Taina Bofferding

– M. Marco Goetz – M. Mike

Hansen – Mme Annette Hildgen – M.

Jean Huss – M. Théid Johanns – M.

Martin Kox – Mme Lydia Mutsch –

Mme Vera Spautz – M. Jean Tonnar –

M. Paul Weidig – M. Everard Wohlfarth

– M. André Zwally

Le Conseil Communal décide à l’unanimité

d’approuver l’état des restants

2011 présenté par Monsieur le receveur

communal.

14. Modification budgétaire;

décision

Buergermeeschter Lydia Mutsch (LSAP):

„Sou, mir hunn dann eng Modification

budgétaire. Dat ass e bauleche Volet

deen awer am Beräich vun de Schoule

sech situéiert an dofir erkläert eise Schoulschäffen

ëm wat et geet.“

Schäffe Jean Tonnar (LSAP): „Jo, wéi

mer bei der Schoulorganisatioun Iech jo