Sie wollen auch ein ePaper? Erhöhen Sie die Reichweite Ihrer Titel.
YUMPU macht aus Druck-PDFs automatisch weboptimierte ePaper, die Google liebt.
wat a mengen Ae ganz wichteg ass fir

unzekënnegen, wann een dräi Schrëtt

weidergeet, dass een da gläich virun

engem Hirsch steet.”

Zénon Bernard (KPL): “E männlechen.”

(Gelaachs)

Taina Bofferding (LSAP): „Jo, dat

gefält Iech.

Et ass sécherlech och ganz sënnvoll

gewiescht sech beim Märecherspark zu

Beetebuerg ëmzekucken, fir esou vun

hiren Erfahrunge kënnen ze profitéieren.

Ech muss awer och agestoen, wou ech

dat hei gelies hunn, ginn ech d‘Gefill net

lass, dass hei nëmme gepléischtert gëtt.

Fir mech feelt en éiergäizege Projet an

Entwécklungsziler, virun allem en eenheetlecht

Konzept mat Wäitbléck.

Kolleginnen a Kollegen, fir mech bedeit

den Déierepark net just eng Wiss oder e

Stéck Bësch mat e puer Déieren drop. Et

soll eng Aart Begegnungsstätte sinn. Et

soll eng Ulafstell si fir all eis Leit, als Méiglechkeet

fir sech ze entspanen, sief dat

vun der dagdeeglecher Aarbecht oder fir

einfach e bëssen ze relaxéiere bei Fauna a

Flora. Eisen Déierepark soll zu enger

Entdeckungsreess ginn, a mengt elo net,

dass Esch Kaméiler oder en Af als

Publikumsliebling brauch. Villméi brauche

mer en Déierepark zum unzepake

wou besonnesch Kanner an den direkte

Kontakt mat den Déiere kënnen trieden.

Och kéint e pädagogescht Konzept ausgeschafft

ginn oder, firwat net, den Här

Huss huet et schonn ugedeit, erëm e

Päerdsstall also Reitstall mat Päerd dohinner

ze setzen. Do kéint ee sech souguer

virstellen, dass ee vläicht do kéint Studente

beschäftegen déi dann do ganz

flott fir grouss a kleng Abenteuer mat de

Päerd kënnen ubidden. Oder firwat net

och eng Aart Déiereparkschoul fir déi

Kleng anzeriichte wou op eng spilleresch

an erhuelsam Manéier geléiert ka ginn,

wou och d‘Moyene gi si fir mat Virwëtz a

Fuerscherdrang vill Interessantes a Spannendes

iwwert d‘Liewe vun den Déieren

ze entdecken.

Den Déierepark, ass scho gesot ginn,

feiert seng 50 Joer. Dëst ass eng ganz

gutt Geleeënheet fir driwwer nozedenke

wéi mir eise Park méi attraktiv, méi

zukunftsorientéiert a virun allem méi drofäheg

kënnen ze gestallten. Merci.“

Buergermeeschter Lydia Mutsch (LSAP):

„Merci, Madame Bofferding. Et wier dann

um Här Johanns an duerno um Här Hansen

an un der Madame Hildgen.“

10. Parc animalier Gaalgebierg

Théid Johanns (DÉI LÉNK): „Merci,

Madame Buergermeeschter. Vir ewech

wëll ech direkt soen, datt déi momentan

nach Theorie vun deem Amenagement

vum Déierepark komplett an déi richteg

Richtung geet. Déi Infrastrukture wou do

geplangt sinn, wäerten déi Plaz attraktiv

a sënnvoll gestallten. Och begréissen ech,

wéi d‘Madame Bofferding, d‘Zesummenaarbecht

mam Beetebuerger Park déi

effektiv e groussen Know How op deem

Terrain hunn. Ganz begréissenswäert fannen

ech och, datt deen Optrag vun der

Realisatioun un de Jürgen Bergmann a

senger Equipe geet. Déi bréngen et fäerdeg

fir d‘Natur mat Besoin verschmëlzen

ze loossen an dat op eng architektonesch

verspillten Aart a Weis.

Ech gesinn déi Realisatioun als Opwäertung

vun der Natur. Ech mengen och,

datt do muss Budget fräi gemaach gi fir

déi Plaz ëmmer méi auszebauen. Et ass e

Lieu public wou jiddwereen eppes dovun

huet. Do hu mer d‘Méiglechkeet eppes

Attraktives fir Esch an hir Awunner ze

schafen an ech sinn iwwerzeegt, datt dee

Site immens groussen Zoulaf kritt.

De Jürgen Bergmann schafft och u fantasievollen

Erliefnisspillplaze wou hien

ëmmer nees Holz als Material gebraucht.

Wéi seng Firma dat schonn am Beetebuerger

Park bewisen huet, bréngt hien

et fäerdeg de Kanner op eng spilleresch

Aart a Weis natierlech Funktioune méi no

ze bréngen.

Ech wollt awer och elo d‘Geleeënheet

ergräife fir kuerz iwwert déi vum grand

Public am meeschte besichte Plazen a

Weeër um Park vum Gaalgebierg anzegoen.

Do kéint een an Zukunft och

driwwer nodenke fir mat natierlechen Elementer

Landschaftsgestaltung afléissen ze

loossen, wéi dat zum Beispill an de Jardins

de Wiltz de Fall ass. Dee ganze Beräich

vun der Passerelle bis zum Déieregaart

kéint mat enger visuell attraktiver Landschaftsgestaltung

esou skulptéiert ginn,

datt de Foussgänger permanent mat

visuellen Effekter faszinéiert kéint ginn.

Domat géife mer net just fir den Escher

mä och fir Leit aus der Ëmgéigend, Studenten

an och Touristen eng Ursaach méi

schafe fir de Gaalgebierg ze besichen. Wéi

den Här Huss bei der Virstellung vum ORT

schonn ugeschwat huet, kéint no enger

ausgefeilten Iwwerleeung vun eisen neien

Tourismusresponsabelen eng wirtschaftslech

Quell fräi geluegt ginn.

Et ass e grousse Räichtum, dass mir dee

Park mat deem groussen Areal u Bëscher,

Wanderweeër, fantastescher Minettslandschaft

hannendrun hunn. Ech gesinn et

als wichteg fir en attraktivt Esch un, wa

mer mam Park dee gesamte Gaalgebierg

géifen opwäerten, zemools zu engem

Escher Gemengerot vum Freideg 13. Juli 2012

29

Moment wou mer an Esch selwer bedingt

duerch eis Stadplanung Gréngfläche verléieren.

Merci.“

Buergermeeschter Lydia Mutsch (LSAP):

„Merci, Här Johanns. Et wier dann um

Här Hansen.“

Mike Hansen (LSAP): „Jo, Merci,

Madame Buergermeeschter. Merci, Här

Johanns, Madame Bofferding och Merci.

Et ass Villes gesot gi wourop ech och

wollt hiweisen. Mä als éischt wollt ech

mol soen, ech sinn eent vun deene grousse

Kanner dat och mat sengem klenge

Kand do spazéiere geet. Ech freeë mech

dofir wierklech, datt elo en neit Konzept

presentéiert gëtt. E globalt Konzept dat

mat enger Opbesserung vun Infrastrukturen

a mat de Kollaboratiounen erschaaft

gouf.

Ech wollt do just och nach e puer Saache

soen, datt et vläicht och méi e participatiivt

Konzept sollt sinn, wou een d‘Visiteuren

direkt abanne ka mat Froespiller,

zemools mat de Kanner, fir se ze beschäftegen.

Et ass jo net nëmmen déi Déieren

déi se kucken, et soll een och eppes léieren.

Den aktiven Déiereschutz mengen

ech, ass en anert Thema wat een do och

kéint abannen an d‘Konzept vun deem

Park. Dat wär natierlech, wéi d‘Madame

Bofferding och scho gesot huet, et huet

och eng pädagogesch Roll an eng

in formativ Roll.

Dat war elo déi Haaptpunkte wou ech

nach wollt soen. Mä ech wollt och nach

eppes aneschters opgräifen iwwert den

Tourismus. Ech fannen en opgewäerte

Park, dat huet en Attraktivitéitsplus fir

d‘Stad Esch an duerfir wollt ech och drop

hiweisen, datt et am Tourismus och de

Konzept vum Eco-Tourismus gëtt, wou

een esou e Park mat, wéi den Här Johanns

scho gesot huet, natierlecher Landschaftsgestaltung

opbessert. An dat géif

ech gär mat op de Wee gi fir op dee Wee

ze goe wéi do en Zentrum vun Eco-

Tourismus ob et mat den Déieren, ob et

mat de Produiten ass déi do benotzt

ginn, géife gär benotzen.

Dat anert wat mech freet a wat ech och

gutt fannen, dat ass datt et en oppene

Park ass. Et kënnt ee vun alle Säiten eran.

An duerfir ass et essentiell, datt et och

eng Opbesserung vun de Weeër gemaach

gëtt an eng besser Ausschëldung an deene

Weeër. Well heiansdo trëppelt een

duerch de Gaalgebierg, et kënnt een

ëmmer am Park eraus, mä et wär awer

besser wann ee géif méi wësse wou et

higeet. Also dat war elo meng lescht

Remarquen déi ech nach ze maachen

hat. Et ass Villes gesot ginn an ech wollt

och net alles widderhuelen. Merci.“