Erfolgreiche ePaper selbst erstellen
Machen Sie aus Ihren PDF Publikationen ein blätterbares Flipbook mit unserer einzigartigen Google optimierten e-Paper Software.
Plan hospitalier. Do gëtt et eng Carte

sanitaire, op deem Gebitt do sinn och

genau Angaben. Ënner anerem ginn et

Angabe wat en Hôpital de proximité

bedeit, wat en Hôpital principal bedeit an

domatter verbonnen ass eng Aktivitéit

déi et och hei zu Esch gëtt. Also et kënnt

keen dolaanscht fir ze soen, dass effektiv

dat dote Gebai en Hôpital principal ass

an esou ze soen dann och hei zu Esch

misst installéiert ginn.

Wat d‘Vocatioun ubelaangt vu de Siten

déi mer eigentlech proposéieren, sinn

ech der Meenung, dass dat eng gutt

Saach ass, dass mir och op Grond vun

deem wat geschafft ginn ass am Laf vun

deene leschte Joeren, hei d‘Recht hätte fir

dat kënnen ze beanspruchen a mir hunn

och op Grond vun deene Critèren déi et

ginn, déi festgeluegt sinn, wat der net

wéineg sinn, mä awer effektiv déi sinn

déi mer allerguerte kënnen erfëllen op

Grond vun deenen Diskussiounen déi am

Laf vun deene leschte Joere gefouert gi

sinn.

An deem Sënn, Madame Buergermeeschter,

wäerte mir dann och dës Motioun

mat voller Ënnerstëtzung hei matstëmmen.

Merci.“

Buergermeeschter Lydia Mutsch (LSAP):

„Villmools Merci an och alle Virriedner.

De Schäfferot freet sech iwwert d‘Unanimitéit

vun där Motioun a wäert dat doten

och gäre mat op de Wee huelen. A vu

dass ech déi agreabel Charge wäert hunn

e Méindeg a menger Eegeschaft als President

vun der Verwaltungskommissioun

dat dote mat ze huelen, wéilt ech léiwer

d‘Wuert ginn un dee Member vum Schäfferot,

dee mengen ech dat dote Spidol

besser kennt wéi iergendee vun eis heibannen

oder wéi mir alleguer zesummen.

Här Hinterscheid, wann Dir wéilt dann

am Numm vum Schäfferot doropper äntweren.“

Schäffen Henri Hinterscheid (LSAP):

„Merci, Madame Buergermeeschter. Ech

hu jo elo endlech Liberté de parole wat

deen Dossier do ugeet an duerfir maachen

ech dat och ganz gär.

Mä wat einfach ganz wichteg ass an

deem Dossier do, dat ass dass mer de

Moment eng Chance unique hu fir déi

Démarche do ze maachen. Déi Chance

unique besteet doranner, dass mer Strukturen

hunn déi de Moment an engem

gudden Zoustand sinn, wou frësch dran

investéiert ginn ass, mä wou een awer

weess, dass wann een an engem Zäithorizont

iwwert e Jorzéngt, annerhalleft

Jorzéngt sech dann era projezéiert, dass

Investitioune mussen nokommen. Mir

wëssen, dass mer op deene Sitë wou mer

elo sinn einfach duerch déi historesch

Bausubstanz ganz beenkt sinn, an dass et

ganz schwiereg ass, an et ass dofir elo

d‘Chance unique fir déi dote Reflexioun

ze féieren.

Esch an d‘Gesondheetsversuergung hei

am Süden, dat ass eigentlech eng

Success- story vun 90 Joer. 1924 huet

d‘Stad Esch zesumme mam Stolkonzern

Arbed hir Verantwortung iwwerholl an hu

sous forme vun engem Public private

partnership, obwuel dat deemools nach

net esou geheescht huet, hunn dat éischt

Spidol hei am Süde gebaut. E modernt

Spidol an och exploitéiert. Dat ass virugaange

bis an d‘50er Joere wou d‘Stad

Esch an d‘Arbed hir Quote part engem

neien Etablissement d‘utilité publique

geschenkt hunn. Déi Zäit ass et dat vun

der Fondatioun am klassesche Sënn esou

nach net ginn an et ass – an dat huet den

Här Baum gesot – an de 70er Joere virugaangen.

Do huet d‘Escher Gemeng

nach ëmmer hir Verantwortung iwwerholl

an huet iwwer 30% vun deem Neibau

deemools cofinanzéiert. Cofinanzéiert.

Dat heescht Esch, d‘Stad Esch an d‘Gesondheetsversuergung

am Süden dat ass

indissociabel an et gesäit een dat jo och,

spéitstens wann een d‘Bilanen nach eng

Kéier am Detail kuckt, wat do d‘Apporte

vun deenen eenzelne Fondateure sinn.

Dofir ass et logesch, dass een och sech

haut d‘Fro stellt, wann en neie Site

gesicht gëtt, en neit Südspidol gebaut

gëtt, dass dat awer am Zentrum vun der

Regioun muss sech erëmfannen, aus e

ganze Koup vun Iwwerleeungen an hei

sinn der vun de Conseilleren e puer gesot

ginn.

Et ass esou, dass eigentlech jo och landesplaneresch

d‘Stad Esch eng gewëssen

Aufgab kritt huet. An an deem Sënn huet

de Schäfferot seng Verantwortung iwwerholl

an huet gekuckt, wou potentiell Sitë

fir en neit Spidol sinn. An hei sinn der elo

3, Forcen, Faiblessen, mä alleguer si se

gutt erreechbar a si kënnen all déi Froen

déi ee laangfristeg muss berécksichtege

wann een esou eng regional, voir national

a vläicht groussregional Strukturen

implantéiert, ass ee vun de Maîtres mots

ass d‘Mobilitéit an d‘Accessibilitéit. An

ech mengen do ass bei all deene Considératiounen

deem Rechnung gedroe

ginn.

Et ass d‘Fro gestallt ginn, wat geschitt

mat deenen anere Siten. Déi selwecht

Reflexioun muss jo hannendru gefouert

ginn. Et ass jo awer och esou, dass d‘Regierung

ganz staark sech engagéiert

huet, an dat ass eppes wat mir eigentlech

och nëmme kënnen ënnerstëtzen, dass

d‘Médecine de proximité muss garan-

Escher Gemengerot vum Freideg 13. Juli 2012

20

téiert sinn. D‘Soins de proximité musse

garantéiert sinn. Et ass e Konzept ausgeschafft

ginn, oder ugeduecht gi vu

Maison médical+ oder wéi dat am Ausland

alt als Community Centers bekannt

ass.

Dat heescht, dass déi Soins de proximité,

déi Soins de base, dass déi sollen esou no

wéi méiglech do debitéiert gi wou d‘Leit

liewen an ech mengen do wäerte

souwuel den Diddelenger Site wéi den

Nidderkuerer Site hir Aufgab an der

Zukunft behalen. An Diddeleng huet jo

och haut schonn eng gewëssen Ausrichtung

kritt wat d‘aktiv Gérontologie

ugeet. An ech mengen do ass d‘Regierung

jo mat an der Verantwortung. Mir si

jo hei éischter an der Verantwortung fir

ze soen, mir hätte gär dass dat Spidol

wat his toresch bei eis stoung, dat

modernst Spidol deemools wéi et gebaut

ginn ass, dass dat och bei eis stoe bleift.

An ech mengen och um Nidderkuerer

Site sinn aktiv Diskussiounen amgaangen,

fir dass dee Site, deen och säi Charme

huet, dee seng Forcen huet, dass deen

och seng Aufgab an dem Tissu vun de

Sanitär strukture behält. A mer wäerten

eis dat kaum kënne leeschten, dass all déi

Siten do net méi kënne genotzt ginn.

Et ass einfach wichteg och, dass mer wëssen,

dass mer um Ufank vun engem Prozess

sinn. Dass mer Standuerter, potentiell

Sitë fir de Standuert fonnt hunn an

dass et eigentlech elo un den Experten

ass fir op Grond vun deene Standuerter

hir Analys ze maache wat fir een deen

adaptéiertsten ass an da musse mer an

déi weider Prozesser goen an da si mer

an deem Zäithorizont wou ech eingangs

gesot hunn. Da ginn Architekteconcoursen,

da muss d‘Regierung Gesetzer stëmmen,

da muss d‘Finanzéierung ofgeséchert

ginn. An ech menge mir sinn all

laang genuch dobäi fir ze wëssen, dass

dat net iwwermar ass, mä dass wa mer

haut de Prozess ufänken, si mer spéitstens

da fäerdeg wann erëm eng Kéier

muss an déi bestehend Sitë massiv

in vestéiert ginn.

An domat ass och déi Fro beäntwert, wat

geschitt da mat deenen Investitiounen

déi elo getätegt gi sinn? Ma déi sinn

dann ofgeschriwwen a spéitstens dann

ass dat neit Spidol do an esou kann da

keen och soen, dass eng Kéier Sue verschwéngst

gi sinn an dofir mengen ech,

ass déi Initiativ hei ze ënnerstëtzen a

beweist dass d‘Prise en charge sanitaire

an d‘Soins sanitaires an d‘Stad Esch, dass

do d‘Stad Esch och bereet ass an der

Zukunft, och am 21. Jorhonnert hir Verantwortung

ze iwwerhuelen. Ech soen

dofir alle Fraktiounen am Numm vum

Schäfferot Merci.“