Erfolgreiche ePaper selbst erstellen
Machen Sie aus Ihren PDF Publikationen ein blätterbares Flipbook mit unserer einzigartigen Google optimierten e-Paper Software.
sen. Et ass also keng zousätzlech Dépense

déi mer maachen, mä e Virzéie vun enger

Dépense am Kader vun engem

Gesamtbudget.

Wat ass dat elo fir wat mer dat do hei

stëmmen, déi 150.000 €? Wann Dir den

Dossier gekuckt hutt, dann hutt Dir do e

schéint Bild vun deem wat am Fong

uewen am Déierepark soll nei gemaach

ginn. Do gesitt Dir eng Rei vu Propositiounen

déi gemaach ginn. Engersäits

natierlech Saache wou et nëmmen ëm

Reparature geet, wou Clôturen oder Dréit

an esou virun, natierlech musse reparéiert

gi well se an engem relativ schlechten

Zoustand an deene leschte Joere waren.

Mä et kommen eng Rei och vun neie

Realisatiounen am Kader vun engem

Gesamtkonzept dobäi.

Ënne gesitt Dir, datt do eng Entrée aus

Holz gemaach gëtt wann Dir an de Park

erakënnt, esou wou een am Fong duerch

esou eng Entrée aus Holz do erageet.

Dann hutt Dir gläich am Ufank och e

Punkt wou esou aus Holz och gemaach,

eng Këscht dohinner gestallt gëtt, wou

d‘Leit a wou d‘Kanner hir Propositioune

dra kënne geheien oder hir Critiquë

kënnen dra geheie fir datt och eng participativ

Démarche do ass. Dann hutt Dir

hei eppes wat komplett nei ass an der

Planifikatioun, dat ass datt dat Haischen,

wat do soll ganz riets dovun op dëser

Plaz soll dobäi kommen, dat ass en Haische

wou Hinger a Kanéngercher solle

kënnen do sinn. Eng Aart Heemel- oder

Streichelzoo a Miniatur. Dat soll op där

Plaz dobäi kommen am Interêt vun de

Kanner, datt se no bei d‘Hinger a bei

d‘Kanéngercher kënne kommen.

Dann hutt Dir eng weider Neiegkeet an

deem Déierepark, dat ass datt Dir hei an

dësem Deel, datt Dir do och nach eng

Zort Streichelwee huet, deen eraféiert an

d‘Mëtt vun deem Zoo. An dee Streichelwee

soll gemaach gi mat hëlze Clôture fir

datt d‘Kanner och do no bei d‘Déiere

kënnen kommen, gläichzäiteg soll awer

en elektreschen Drot gemaach gi wéinst

de méi groussen Déieren, fir datt do net

eng Gefor besteet. An dat ass also dee

Wee deen doduercher féiert. Dann e

wichtegt Element, do kommen dann

nach hëlze Clôturë dobäi, well mer jo och

wëllen aus natierlechem Rohstoff, also

eisem Holz Saache wëlle maachen.

Da kënnt e Projet dobäi deen och ganz

flott ass, deen Dir hei uewe lénks hei

uewen hutt. Dat ass am Fong eng Aart,

och am Interêt vun de Kanner an och

nëmmen aus Holz gebaut, e Projet dee

proposéiert ginn ass vun engem Artist

dee besonnesch an Zooe fir Kanner extra

Saache mécht. Et ass e gewëssenen Här

Bergmann, dee gutt Ideeën huet a vill

10. Parc animalier Gaalgebierg

Erfahrung mat esou Projeten huet. Dat

ass am Fong, wat Dir hei gesitt, dat ass

am Fong eng Aart Gerüst wou een op

Trape kann eropgoen, hëlzen Trapen

eropgoen. Da féiert eng Aart Steeg oder

eng Aart kleng hëlze Bréck féiert dann e

puer Meter op déi aner Säit do an op där

anerer Säit ass en Aussichtstuerm, an op

där anerer Säit kann een dann duerch en

Tunnel erëm eng Kéier zréck op den Ausgangspunkt

goen. Et ginn also zwou verschidde

Méiglechkeeten dat dote Gerüst

do ze benotzen. Et kënnt een also och op

déi Aart a Weis méi no bei d‘Déieren. An

et ass am Fong e flott Klettergerüst an

engems esou, esou datt mer mengen,

datt mer besonnesch de Punkt vun deem

Haischen do wou d‘Hinger dra sinn, dee

klenge Streichelzoo, an op där anerer Säit

dat Klettergerüst, dat sinn déi nei

E lementer déi mer lo beschloss hunn do

och eranzemaachen. Dat heescht, scho

virzezéien.

An da stellt sech natierlech d‘Fro, wa mer

dat dann aweien, dann ass dat natierlech

am Konzept nach net fäerdeg, well fir déi

nächste Joere sinn da budgetär eng Rei

vun aner Saache geplangt. Ech wëll dat

elo just hei undeiten, dat musse mer nach

finaliséieren am Detail, mä et stellt sech

natierlech d‘Fro do uewe bei deem Parc

animalier, wat mer maachen op där

a nerer Säit vum Wee. Do hu mer jo déi

Wiss wou fréier dee Reitstall do war an

och déi Wiss wëlle mer integréieren an

d‘Konzept vun deem Déierepark insgesamt,

wou mer wëlle goen a Richtung

vun engem Kannerbauerenhaff. Dat

heescht vun engem Bauerenhaff mat méi

kleng Déieren och do a gegebenefalls

zum Beispill mat der Integratioun vun

engem Projet mat Ieselen. E Projet mat

Ieselen a gegebenefalls op där Wiss och

eng Rëtsch Uebstbeem fir d‘Element Bongert

och mat dobäi ze huelen. A wat ee

ka kucken ass eventuell, wat mer ugeduecht

hunn, dass datt een eventuell op

esou enger Plaz hanne laanscht beim

Bësch eventuell och nach kéint Beiestäck

setzen. Do si mer mam Konzept nach net

definitiv fäerdeg, mä do sinn eng Rei vun

Ideeën déi mer hu fir op där anerer Säit

an déi dote Richtung ze goen, esou datt

de Site dann och méi komplett géif ginn

an deem dote Sënn. Well eis Leit aus de

Kommissiounen an eis Leit aus deene respektiven

Institutiounen, och zum Beispill

vun der Waldschoul, déi Leit déi an der

Waldschoul sinn, déi hätte gären datt et

soll e Lien ginn tëschent deem wat an der

Waldschoul ass an tëschent deem wat am

Déierepark ass. Dotëschent hu mer jo

schonn e Bongert ugeluegt, deen um

Wee do ass, mä all déi Saache sollen nach

vill méi enk matenee vernetzt ginn, och

Escher Gemengerot vum Freideg 13. Juli 2012

28

wat d‘Weeër ubelaangt. An dat sinn déi

Saachen déi dann nom Oktober, wa mer

dat hei da mol gemaach hunn, wann dat

realiséiert wäert sinn, dann an der nächster

Phas budgetär mä och konzeptionell

wäerte maachen.

Dat gesot, mengen ech, datt dat ganz

flott ass. Ech wëll och vläicht nach e Merci

soen hei un déi Responsabel vum Parc

Merveilleux zu Beetebuerg, mat deene

mer ganz gutt zesumme geschafft hunn

an och weider zesumme schaffen an déi

eis och muench, well se vill Erfahrung

doranner hunn, déi eis och muench gudden

Tuyaux mat op de Wee ginn hunn, a

wéi eng Richtung datt een dat dote kéint

maachen. Also do ass och eng ganz gutt

Kollaboratioun mam Parc Merveilleux zu

Beetebuerg de Fall. Do gesitt der, well

mer virdrun den Tourismus haten am

Süden, ech mengen do kann een och an

deem Sënn d‘Synergië maachen.

Dat gesot, fannen ech dat heiten eng

ganz flott Ergänzung zu deem wat mer

souwisou geplangt haten a wa mer

schonn eng Kéier 50 Joer plangen, da

mengen ech datt dat och eng würdeg

Planung soll sinn. An duerfir proposéieren

ech Iech hei de klengen Déieren, mä och

de klenge Kanner déi d‘kleng Déiere

be siche ginn, fir deenen eng Chance ze

ginn, datt se dat kënnen op eng flott Aart

a Weis maachen.“

Buergermeeschter Lydia Mutsch (LSAP):

„Merci, Här Huss. Mir hunn 3 Wuertmeldungen

an zwar d‘Madame Bofferding,

den Här Johanns an den Här Hansen

an d‘Madame Hildgen. Madame Bofferding.“

Taina Bofferding (LSAP): „Kolleginnen

a Kollegen, Esch huet en Déierepark

an engem natierlechem Ëmfeld an dat

nëmmen zwee Schrëtt vum Stadkär

ewech. Leider hu vill vun eisen Awunner

an och d‘Leit ronderëm dat vergiess an

nei Bierger brauche laang bis se feststellen,

dass et hei e Gaalgebierg mat

sengen Déiere gëtt. Dat ass ze bedaueren,

mä dofir ginn et awer och Grënn. Et

gëtt wéineg Publicitéit gemaach. Eise

Park gëtt net wierklech a Valeur gesat,

bref, ech hunn net d‘Gefill, dass mir eis

mat eisem Park bretzen. De Site selwer

ass net immens aluedend an en zitt och

net d‘Massen aus den Ëmgéigenden un.

Obwuel, an dat muss een awer och fairerweis

soen, nach ëmmer eng Partie Leit,

besonnesch d‘Eltere mat hire Kanner an

d‘Grousseltere mat hiren Enkelen, de Wee

bis dohinner fannen.

An eiser Dokumentatioun hei gi ganz

richteg eng Partie Punkten ugeschwat déi

feelen, wéi zum Beispill d‘Entréesportal,