Erfolgreiche ePaper selbst erstellen
Machen Sie aus Ihren PDF Publikationen ein blätterbares Flipbook mit unserer einzigartigen Google optimierten e-Paper Software.
mer vill Freed bei eis a virun allem freeën

ech mech wann d‘Iesele kommen.

Merci.“

Buergermeeschter Lydia Mutsch (LSAP):

„Merci, Madame Hildgen. Den Här Hansen

hat zwar schonn d‘Wuert, mä ech

mengen hie wollt eng Zousazremarque

nach maachen.“

Mike Hansen (LSAP): „Also ech wollt

just soen, ech ginn Iech mat Villem Recht.

Dat eenzegt wou mer elo d‘Hoer elo e

bëssen zu Bierg stinn, dat ass wann ech

dat Wuert Outsourcing héieren. Also, ech

fannen och wann een dat mam CIGL

kéint verbannen, wär et nawell keng esou

schlecht Idee. Also ech mengen, Dir hutt

et och esou geduecht, gell? Mä ech wëll

awer kloer stellen, datt ech net fir eng

traditionell Outsourcing kéint ënnerstëtze

wou esou e Park privatiséiert gëtt an op

eemol engem Rentabilitéitskonzept no

soll goen. Mä ech mengen Dir hutt et

mam CIGL gemengt, esou eng Aart an

dat wollt ech just eng Kloerstellung froe

well, jo.“

Buergermeeschter Lydia Mutsch (LSAP):

„Här Hansen, Dir sidd predestinéiert fir

an de Schäfferot, well dee wollt dat och

äntweren. Gutt. Dierfe mer dann elo dem

Schäfferot d‘Wuert ginn?“

Schäffe Jean Huss (DÉI GRÉNG): „Ech

wéilt dann agoen e wéineg op déi

Re marquen déi hei vun deene verschiddene

Spriecher gemaach gi sinn. Ech

soen hinne Merci, engersäits fir hir global

Ënnerstëtzung déi se awer hei gi fir och

dee Kredit hei ze stëmmen. Zum anere

sinn eng Rei vu konstruktive Virschléi

gemaach ginn an och eng Rei vu kritesche

Remarquë si gemaach gi vun der

Madame Bofferding beispillsweis. An ech

hu guer kee Problem domatter fir och kritesch

Remarquen hei opzehuelen an ze

kucken dat ze maache fir esou eng Situatioun

ze verbesseren. Mir wëssen alleguerten,

an duerfir maache mer dat hei

jo, datt et am aktuellen Zoustand vum

Déierepark eng Rei vu Problemer ginn.

Dofir wëlle mer et jo just verbesseren.

Dofir wëlle mer déi Situatioun verbesseren,

net nëmmen an Interêt vun de

Kanner déi dat solle kucke goen, mä och

am Interêt, Madame Hildgen, vun deene

grousse Kanner wou Dir dann dozou

gehéiert, ech dann dozou gehéieren, vill

Leit heibannen déi och gär dat mol kucke

ginn, well et och an der Natur do uewen

ass. A wann deen Déierepark dann esou

wéi mir dat plangen an e besseren Zoustand

kënnt, am Interêt vun alleguerten,

mä tant mieux, da si mir alleguerte frou.

10. Parc animalier Gaalgebierg / 11. „Learning Factory“ à Esch

Eng Rei vun detailléierte Remarquen déi

gemaach gi sinn, ass zum Beispill eng,

wou da gesot gëtt, dat sollt sech areien

an e Konzept vun Eco-Tourismus. Mä

selbstverständlech, dat ass eng Idee déi

ech ganz richteg fannen. Ech hat virdru

wéi mer iwwert den Tourismus geschwat

hunn, hat ech dat ënner anerem als

Stéchwuert gesot. An ech mengen effektiv,

datt mer musse kucken um Gaalgebierg,

engersäits eng besser Beschëlderung

ze maachen am Interêt vun de Leit,

datt se wësse wéi een dohinner kënnt.

Dat ass dat eent. Ech gi souguer eng Idee

méi wäit, wat ee ka maachen, dat ass net

nëmmen um Gaalgebierg eng besser

Be schëlderung fir an eisem Déierepark

wou een dohinner kënnt, an dat wat mer

souwisou wäerte maachen, eng besser

Beschëlderung beim Déierepark selwer fir

ze erklären, a verschiddene Sproochen ze

erkläre wat fir eng Zort Déier datt et ass

an esou virun. Am Interêt besonnesch

vun de Kanner, engem pädagogeschen

Interêt, mä net nëmmen. Mä datt een

och kann higoe mol, well mer e wonnerbare

Park awer hu mat zum Deel och

souguer relativ seelene Beem hei, déi mer

am Park stoen hunn, datt een och eng

Beschëlderung soll maache vun enger Rei

vun Zorte vu Beem, datt een an engems

kann och d‘Beem, d‘Nimm vun de Beem

oder vu verschiddenen Hecke ka kenne

léieren. Dat ass och interessant an engem

pädagogesche Sënn fir d‘Kanner. Mir

hunn am Moment bei eenzelne Beem hu

mer do stoen „Baum des Jahres 2009 ...

(Gelaachs)

Ech hunn dat op däitsch gesot, dann hätt

ech vläicht misste soen „Bam vum Joer

2009“, „Bam vum Joer 2010“ an esou

virun. Ech mengen dat si Beispiller déi

mer hunn. Dat geet awer net duer. Ech

mengen dat solle mer och eng Idee méi

kompletéieren an deenen nächste Joeren.

An dann ass et selbstverständlech, datt

mer musse kucken den Ënnerhalt vun eise

Weeër an och vun de Fitnesspisten, datt

mer dat musse kucken elo schrëttweis an

d‘Rei ze bréngen. All déi Ideeë sinn hei

bei mir wëllkomm, hei beim Schäfferot

hei wëllkomm. A mir wäerte kucken an

deenen nächsten 1, 2 Joer déi dote Saachen

ze realiséieren.

Wat gesot ginn ass vun der Wiss op där

anerer Säit vum eigentlechen Déierepark,

et ass geschwat gi vu Reitstallt, et ass

geschwat gi vum Projet Ieselen. Ech

mengen, datt een déi Idee do ganz gutt

ka kombinéieren. Also dee Projet Ieselen,

dee géif jo och a Richtung goen, net

nëmmen datt een den Ieselche kuckt, mä

datt ee kann an do gëtt et eng Initiativ

déi mat esou Ieselche schaffen, datt een

do kann och eventuell Kanner mol op en

Escher Gemengerot vum Freideg 13. Juli 2012

31

Ieselchen drop setzen an esou virun. Do

kann een zwou Ideeë matenee kombinéieren.

Dat kann ee kombinéieren. Also,

mat Äre Virschléi trefft Dir hei op oppen

Oueren. An ech si ganz frou ze héieren,

och mat alle Virschléi déi Dir maacht,

datt ech also ka fir déi nächst 1, 2 Joer

dat och an de Budget setzen, mat Krediter

fir dat déi Saachen dann och net

nëmmen am Raum stoe bleiwen, mä och

effektiv an den nächsten 1, 2 Joer kënne

realiséiert ginn.

Dat gesot, soen ech alle Riedner hei Merci

an ech géif also proposéieren, dem

Kredit hei zouzestëmmen.“

Buergermeeschter Lydia Mutsch (LSAP):

„Au vote.“

Conseillers présents:

M. Marc Baum – M. Zénon Bernard –

Mme Taina Bofferding – M. Marco

Goetz – Mme Annette Hildgen – M.

Jean Huss – M. Théid Johanns – M.

Martin Kox – Mme Lydia Mutsch –

Mme Vera Spautz – M. Jean Tonnar –

M. Paul Weidig

Le Conseil Communal approuve à

l’unanimité le crédit spécial au montant

de € 150.000,00 pour la rénovation

du parc animalier.

11. „Learning Factory“ à Esch/

Belval; information et décision

Buergermeeschter Lydia Mutsch (LSAP):

„Mir kéimen dann zu Punkt 11, d‘Learning

Factory, wat e wierklech flotte Projet

ass dee mir net nëmmen ënnerstëtzen als

Escher, oder ënnerstëtze wëllen als

Escher, mä wou mer souguer Membres

fondateurs wëlle sinn. An et ass e Projet

deen an direkter Relatioun ass zur Universitéit

a mir gesinn als Universitéitsstad, als

zukënfteg Universitéitsstad et dofir wichteg

do mat eran ze klammen. An zum

zweeten am Zesummenhang mat dem

ganze Volet Energie renouvelable, dee fir

de Schäfferot eng grouss Bedeitung huet

a wou mir Iech an deenen nächste Méint

a Joere ganz vill konzeptuell Virschléi

wäerte maache fir als Klimabündnisgemeng

Virreiderrollen ze iwwerhuelen.

An ech géing an deem Zesummenhang

eisem Energieschäffen d‘Wuert gi fir Iech

de Projet Learning Factory ze presentéieren.“

Schäffe Jean Huss (DÉI GRÉNG): „Jo,

fir direkt vum Site dovunner ze schwätzen,

fir unzefänken. Dee Site ass um Terrain

vun Esch/Belval, bei der Universitéit.

An zwar soll e situéiert si wann Dir op der