Erfolgreiche ePaper selbst erstellen
Machen Sie aus Ihren PDF Publikationen ein blätterbares Flipbook mit unserer einzigartigen Google optimierten e-Paper Software.
3. Information au public des décisions de personnel / 4.a. Correspondance / 4.b. Motion Südspidol; décision

3. Information au public des

décisions de personnel

Buergermeeschter Lydia Mutsch (LSAP):

„Ech géing iech bieden erëm Plaz ze huelen,

well da kéinte mer mat eiser ëffentlecher

Sëtzung ufänken.

Bon, Questions de personnel, do deele

mer Iech wéi dat Usus ass, déi Décisioune

mat déi am Huis clos geholl gi sinn.”

A) Démission.

Démission à accorder, sur sa demande et

avec effet au 1er septembre 2012, à

Monsieur Romain Tix, employé communal

ayant effectué un changement de

régime.

B) Résiliation d’un contrat de travail.

1) Résiliation, sur sa demande et avec

effet au 1er septembre 2012, du contrat

d’engagement conclu pour une durée

indéterminée avec Monsieur Marc Müller,

chargé de cours au conservatoire de

musique.

C) Nomination provisoire

Nomination provisoire de Monsieur

Claude Steffen aux fonctions de chargé

d’études informaticien, emploi créé par

décision du conseil communal du 13

juillet 2012.

D) Nomination du Directeur adjoint du

Conservatoire de Musique.

Occupation du poste de directeur adjoint

du conservatoire de musique.

E) Nomination définitive

Carrière de l’artisan

Nomination définitive de Monsieur Jean

Navalha aux fonctions d’artisan, avec

effet au 1er juillet 2012.

F) Promotions.

Carrière du rédacteur

Promotion avec effet au 1 er octobre 2012

de Monsieur Marc Meysembourg,

in specteur (grade 11) depuis le 1 er

octobre 2011, affecté au département

des services industriels, aux fonctions

d’inspecteur principal (grade 12).

Carrière de l’expéditionnaire administratif.

Promotion avec effet au 1er septembre

2012 de Madame Véronique Gobert

commis (grade 7) depuis le 1.09.2011,

affectée au département des travaux

municipaux, service architecture, aux

fonctions de commis principal (grade 8).

Carrière de l’expéditionnaire technique

1) Promotion avec effet au 1er août 2012

de Madame Annouk Rumé, commis technique

(grade 7) depuis le 1.6.2010, affectée

au département des travaux municipaux,

aux fonctions de commis technique

principal (grade 8).

2) Promotion avec effet au 1er août 2012

de Madame Anne Meyers, commis technique

hors cadre (grade 7) depuis le

1.02.2007, affectée au département des

services industriels, aux fonctions de

commis technique principal hors cadre

(grade 8).

3) Promotion avec effet au 1er août 2012

de Monsieur Marco Duarte, commis technique

hors cadre (grade 7) depuis le

1.10.2009, affecté au département des

services industriels, aux fonctions de

commis technique principal hors cadre

(grade 8).

G) Question de personnel salarié.

Engagement à durée indéterminée avec

effet au 1er septembre 2012 du chargé

de cours du conservatoire de musique,

Dyulgeryan Aram. L’intéressé est engagé

sous le régime du salarié.

Buergermeeschter Lydia Mutsch (LSAP):

„Mir hunn Iech awer direkt um Ufank vun

der Sëtzung eng Ännerung vum Ordre

du jour als Schäfferot ze proposéieren.

Déi éischt Ännerung ass an direkter

Re latioun zu der technescher oder net

ëffentlecher Gemengerotssëtzung vun

der leschter Woch, wou de Schäfferot

eng Informatioun ginn huet am Zesummenhang

mam neie Südspidol. Déi

regruppéiert Fraktioune sinn un de Schäfferot

erugetrueden an hunn eis matgedeelt,

dass si eng gemeinsam Motioun

wëllen zur Ofstëmmung bréngen an

dëser Sëtzung, esou dass mer Iech proposéieren

dee Punkt nei op den Ordre du

jour drop ze huelen an zwar direkt um

Ufank vun dëser Sëtzung.

Déi zweet Ännerung betrëfft de Punkt 12

ronderëm d‘Taxes, Tarifs et Redevances

communales. Do ass de Wonsch ausgesprach

ginn, virun allem vu Säite vun de

Membres vun der Finanzkommissioun,

fir, wat dës Kéier aus zäitlech an organisatoresche

Grënn net méiglech war, och

e Vertrieder vum Schäfferot an de Schäffe

vun de betraffene Servicer dobäi ze hunn,

dass se kënnen, wat e ganz techneschen

Dossier ass, Explikatioune ginn. Och

domatter si mir d‘accord, esou dass dat

an der Septembersëtzung um Ordre du

jour wier.

An dat drëtt betrëfft de Punkt vun der

Learning Factory, dat ass e Punkt dee mer

pour information um Ordre du jour haten

a mer gehofft hate mir kéinten e pour

décision huelen. An do hu mer och den

Aval elo vum Minister konnen anhuelen,

esou dass dat dann och effektiv pour

décision ass.

An da géing ech fir den neien éischte

Punkt um Ordre du jour, pardon, elo

muss ech fir d‘éischt froen ob Dir domatter

d‘accord sidd. Ech hat et schonn am

Huis clos gefrot, dofir hu mer eis schonn

a Sëcherheet gewähnt, ma dat muss awer

alles en bonne et du forme geschéien.

Si mer d‘accord fir dës Ännerungen zum

Escher Gemengerot vum Freideg 13. Juli 2012

17

Ordre du jour virzehuelen? Kënne mer

dat par main levée maachen?”

4.a. Correspondance

4.b. Motion Südspidol; décision

Buergermeeschter Lydia Mutsch (LSAP):

„Da géing ech dem Porteparole vun de

regruppéierte Gruppen d‘Wuert ginn an

dat ass den Här Codello am Zesummenhang

mam Südspidol.“

Daniel Codello (LSAP): „Merci,

Madame Buergermeschter. Fir d‘alleréischt

wéilt ech op déi Nouveautéit hei

agoen, well ech mengen et ass elo an

deenen 10 Joer, op jidde Fall dass ech hei

am Gemengerot sinn, ass et déi éischte

Kéier, datt eng Motioun virgeluegt gëtt

dem Conseil déi vu sämtleche Fraktiounen

déi hei vertruede sinn, net

nëmmen ugeduecht ginn ass, mä och de

commun accord geschriwwe ginn ass fir

hei an engem ganz wichtege Punkt awer

d‘Interessen duerch de Gemengerot vun

der Stad Esch fir d‘Stad Esch hei auszedrécken.

Mir hu schonn d‘lescht Woch begréisst,

datt de Schäfferot op de Wee gaangen

ass eng net ëffentlech Sitzung zu deem

Thema ze organiséiere wou mer ënnert

eis konnte vu Säite vum Schäfferot eng

ganz Partie Explikatioune kréie wou den

Dossier drun ass. An och wou hei ënnert

eis konnt labber diskutéiert ginn a Froe

gestallt ginn an op Grond vun där

Sitzung ass de Wonsch ausgedréckt gi

vun de Fraktiounsspriecher, sech

zesummen ze setze fir och e politescht

Zeechen no baussen ze setzen an net

nëmmen elo et bei där net ëffentlecher

Sitzung ze loossen an eben duerch eng

Motioun haut am Gemengerot e politescht

Zeechen no baussen ze setze fir ze

weisen, datt de Gemengerot vun der

Stad Esch ganz kloer politesch Volontéit

ausdréckt, datt dat neit Südspidol, wat

eben an eis Regioun soll kommen, op

den Territoire vun der Stad Esch soll

gebaut ginn.

Ech maachen et och gäre kuerz well ech

awer och wëll kee Monolog hei hale vu

dass et jo vu sämtleche Fraktiounen ugeduecht

a presentéiert soll ginn, wëll ech

de Kollegen awer och nach d‘Méiglechkeet

ginn hir puer Ausféierungen ze maachen.

Loosst mech just op e puer ganz

wichteg Punkten agoe firwat mer

eigentlech als Escher Gemengerot

mengen, datt dat Südspidol op den Territoire

vun der Stad Esch gehéiert.

Éischtensmol läit déi Décisioun e Südspidol

ze bauen, läit op Grond do vun

enger Décisioun vum Regierungsrot.