Erfolgreiche ePaper selbst erstellen
Machen Sie aus Ihren PDF Publikationen ein blätterbares Flipbook mit unserer einzigartigen Google optimierten e-Paper Software.
litéiten ze erliichteren. Dat wier u sech e

Gedanken deen ee praktesch kënnt

ëmsetzen an e géif och dozou féieren,

dass déi kuerz Weeër géifen agehale ginn

an deem Sënn dee mir ëmmer wollten

hei an der Entwécklung vum Site vu Belval

gesinn.

Dir gesitt dass mir als Escher CSV aktiv an

eise Gedanke mat geschafft hunn an ech

ginn och dovunner aus, dass Dir wäert

déi praktesch Suggestiounen déi mir hei

gemaach hunn, an och déi aner Suggestioune

mat op de Wee huelen. Ech soen

Iech Merci.“

Buergermeeschter Lydia Mutsch (LSAP):

„Merci, Här Zwally. Den Här Codello hat

sech nach gemellt.“

Daniel Codello (LSAP): „Merci, Madame

Buergermeeschter. Ech sinn och perséinlech

frou, datt Dir als Schäfferot

d‘Wuert gehalen hutt a gesot hutt mir

komme mat engem Dokument iwwert

d‘Studentewunnengen heihinner, well

dat ass Partie intégrante, et ass schonn

ugeschwat gi vun de Virriedner. Regelméisseg

schwätze mer iwwert d‘Evolutioun

vum Site Belval, awer dat heiten

huet nach ëmmer an deem Maillon

gefeelt. Ech ginn awer ëmmer rosen an

där Diskussioun, och wa mer iwwert de

Site Belval schwätzen, datt mir selwer

nach ëmmer net an der Mentalitéit hunn

a soen: Esch gëtt Universitéitsstad. Esch

ass Universitéitsstad zënter dem 23.

Dezember 2005. Deen Datum verhale

mer eis alleguerte well mer deen Dag heibanne

souzen a Budgetsdebatten haten,

an dee Moment d‘Madame Buergermeeschter

jo déi Décisioun aus dem

Regierungsrot matgedeelt kritt huet. An

déi Mentalitéitsgeschicht, do stieche mer

wierklech nach a Kannerschong. Mir

hunn eigentlech duerch déi Mentalitéitsretard

do, oder verschidden Acteuren

hunn do e klenge Retard kritt. Well d‘Politik

kann deen Zuch op d‘Schinn setzen,

mä da mussen d‘Waggonen awer gefëllt

gi fir dass en an déi richteg Richtung fiert.

A fir dass Esch Studenten op eng häerzlech

an och eng accueillante Aart a Weis

hei empfaange kann an och hei hält, do

ass all Acteur gefuerdert, net nëmmen

d‘politesch Responsabel vun der Stad

Esch. Ech sinn der Iwwerzeegung, an dat

hu mer hei ëmmer nach an der Unanimitéit

diskutéiert, mir hunn déi Lokomotiv

do zesumme mat der Regierung op

d‘Schinne bruecht. Elo gëllt et awer mat

ganz wichtege Partner hei an der Stad

Esch an och driwwer eraus aus der

Regioun, déi Waggonen do ze fëllen. Do

ass de Geschäftsverband ugeschwat ginn.

Do sinn eis Associatiounen, sportlecher,

2. Logements pour étudiants

kultureller, sozialer Natur, alleguerten,

alleguerte gefuerdert an dat geet wäit

mengen ech, iwwert déi Diskussioun vun

de Studentewunnengen eraus.

Ech sinn awer frou, datt de Virriedner

Mike Hansen och iwwert d‘Chercheure

geschwat huet. Et komme jo och net

nëmme Studenten duerch eng Universitéit

an eng Stad. D‘Madame Buergermeeschter

hat virun e puer Joer mam

Prosud eng Table ronde organiséiert, wou

och Leit aus dem Ausland mat best practice

Beispiller komm sinn. Ech mengen et

war Stroossbuerg wann ech mech richteg

erënneren oder iergendeng franséisch

Universitéitsstad déi herno gesot huet,

mä och déi Chercheuren déi bleiwe jo hei

wunne mat hire Familljen an déi bréngen

och enger Universitéitsstad e ganzt neit

Potential. An och déi hunn natierlech hir

Ufuerderungen un déi Stad wou se liewe

kommen. An et ass och bewise ginn

duerch déi eng oder aner Etude déi do

virgestallt ginn ass, datt herno och deen

een oder anere Student, wann hie fäerdeg

ass mam Studium, dann och an der

Universitéitsstad sesshaft bleift a sech eng

Aarbecht sicht.

Dofir, dee Changement vun der Populatioun,

déi soziologesch Struktur déi sech

ännert, mir hunn dat scho méi wéi eng

Kéier hei diskutéiert, där musse mer positiv

a proaktiv entgéint goen an ech denken,

datt mer hei och mussen als Politiker

nach méi Efforte maache fir sämtlech

Partner do mat an d‘Boot ze huelen. Dat

geet vu klengen Adaptatioune bis gréisser

Adaptatiounen, mä datt awer jiddweree

prett ass fir endlech elo deen Defi

unzegoen. 2014, wa mer net Universitéitsstad

ginn, mä wann d‘Diere vun der

Uni opginn, wann déi Diere vun der Uni

opginn, musse mir hei prett sinn. Dozou

gehéiert natierlech de Volet Logement,

dat ass kloer.

Mir hunn deen an eisen Diskussiounen

hei éischter ëmmer, ech wëll net soen

negligéiert, mä mir sinn net drop agaangen,

dofir sinn ech frou, datt mer elo vun

eisem Service a vun der Madame Buergermeeschter

déi Presentatioun kritt

hunn.

Esch kann awer och net alles maachen als

Universitéitsstad. Dat wësse mer och. Dat

wësse mer och. Mir sinn hei och regional

gefuerdert. An ee Volet dee mer awer och

an der Diskussioun gefeelt huet an net

ernimmt ginn ass, dat ass awer de Projet

och vun eise franséische Kollegen hei

direkt iwwert d‘Nopeschgrenz. De Projet

Eco-Cité. De Projet Eco-Cité dee mer hei

am Gemengerot och ënnerstëtzt hunn,

dee mer mat op Paräis ënnerstëtze gaange

si wou och direkt un der Grenz op

Belval Studentewunnengen an och

Escher Gemengerot vum Freideg 6. Juli 2012

9

Wunnenge fir Chercheure wäerte gebaut

ginn.

Also ech gesinn deem Ganze positiv entgéint.

Et ass nach vill ze maachen, mä dat

heite war jo en éischten Informatiounsstand

deen d‘Madame Buergermeeschter

eis wollt ginn an ech denken, dass mer

um richtege Wee sinn. Et ass just elo un

eis nach eng Kéier kloer ze soen, datt

jiddweree seng Responsabilitéit muss

huelen, datt mer wierklech um Topniveau

sinn als Universitéitsstad.

Als Preparatioun hunn ech verschidden

Zeitungsartikelen aus de viregte Joeren

nach esou erausgesicht an do war eng

Kéier, virun e puer Joer, 2007, en Artikel

am Tageblatt fir et net ze nennen: An

einer kleinen Uni zu studieren ist attraktiv.

Dat gëllt dann awer och an enger

zweetgréisster Stad vum Land mat iwwer

30.000 Awunner, datt et do och net

nëmmen attraktiv ass ze studéieren, mä

och ze liewen an och sech heiansdo als

Student kënnen auszetoben. Merci.“

Buergermeeschter Lydia Mutsch (LSAP):

„Merci, Här Codello an och alle Virriedner.

Bon, mir sinn natierlech frou, dass

duerch d‘Bänk déi Efforten déi de Schäfferot

mécht fir Studentewunnraum ze

erschléisse vum Schäfferot gedroe ginn.

Entschëllegt, an hien hat mer dat extra

signaléiert, dass hien awer wéilt schwätzen.

Här Goetz, Dir hutt elo d‘Wuert. Ech

hat Iech awer elo bal vergiess.“

Marco Goetz (CSV): „Nee, ech wëll net

schwätze wa scho richteg a gutt Saache

gesot ginn, mä et ass just eng Saach, mäi

Lieblingsbistro an Esch dat war den Diva.

Wéi den Diva zou gemaach gouf, do ass

gesot ginn e muss zou gemaach gi well

do komme Studentewunnengen hin an

am selwechten Haus wou Studente wunnen,

däerf net e Bistro sinn. Bon, dee Projet

dee feelt elo hei an der Oplëschtung.

Dofir just meng Fro, ass dat net méi

esou? Oder wat ass do geschitt? Voilà,

Merci.“

Buergermeeschter Lydia Mutsch (LSAP):

„Ok. Sou, da fänken ech nach eng Kéier

un. Et war och mäi Lieblingsbistro. Da

fänken ech nach eng Kéier un andeem

ech nach eng Kéier all Riedner Merci

soen, dass se déi Efforte mat deenen

Nuancen déi hei gemaach gi sinn, op déi

ech nach ze schwätze kommen, vum

Schäfferot fir villstméiglech Studentewunnraum

ze erschléissen, droen. Dat ass

ganz wichteg, dass mer hei an deem

Punkt op enger Linn leien. Dat wëll ech

och mol soen.

Da war ech och frou fir all déi Riedner déi

de Volet Studentewunnengen an de