Sie wollen auch ein ePaper? Erhöhen Sie die Reichweite Ihrer Titel.
YUMPU macht aus Druck-PDFs automatisch weboptimierte ePaper, die Google liebt.
De Regierungsrot huet an enger Sitzung

vum Dezember d‘lescht Joer de CHEM

do matter beoptraagt Etuden an Travauen

ze entaméieren en vue vun engem Unisite-Spidol

an der Regioun Süden. An de

CHEM ass dunn op de Wee gaange sech

en externen Expert ze huelen an och sech

en Timing ze setze fir en Dossier, e méiglechst

kompletten Dossier un de Gesondheetsminister

ze ginn, datt deen deen

och ka mat senge Servicer analyséieren

an dann och schnellstméiglech dann an

der Rentrée mat engem Budget an de

Regierungsrot kënnen ze ginn, fir dass do

och déi noutwenneg Décisioune kënne

geholl ginn.

Dat ass also wichteg, dass mer op Grond

vun där Décisioun déi am Dezember um

Regierungsniveau gefall ass, datt mer och

hei dee Prozess hei innerhalb vun eiser

Gemeng ugefaangen hunn, och mir als

Vertrieder vun der Stad Esch am CHEM

hunn dat ganz aktiv begleet. Et gëtt do

och eng Commission d‘accom pagnement

wou mir als zwee Vertrieder, den Här

Zwally an ech, d‘Stad Esch vertrieden, déi

och do d‘Commission administrative,

loosse mer soen, mol informativ begleet

an och do den Dossier mat der Direction

générale a mat de betraffene Partner wéi

d‘Delegatioun an och de Collège mé dical,

dass déi dat aktiv begleeden.

Dann en anert Argument mengen ech,

dat läit op der Hand, firwat d‘politesch

Parteien hei sech ganz kloer eens ware

firwat d‘Südspidol op Esch gehéiert, dat

ass well mer eng laang Traditioun mat

deem bestoende Spidol hei hunn. De

CHEM, dat muss een awer mol vläicht

nach eng Kéier an Erënnerung ruffen, dat

war virdrun ëmmer den Hôpital de la Ville

d‘Esch-sur-Alzette, den HVEA. E gëtt elo

eben duerch d‘Fusiounsdiskussiounen an

d‘Fusioune mat Diddeleng an Nidderkuer

ass et zum Centre hopitalier Emile Mayrisch

ginn. Mä déi historesch Lienen déi

d‘Stad Esch an och mat der Arbed senger

Zäit geleet hunn, hei e Spidol op dem

Site vun Esch ze bauen, ass fir eis awer

mengen ech och eng Grondlag, dass mer

kënne bewosst soen, dass och dat zukënftegt

Spidol op eisen Territoire gehéiert.

Dann, an dat huet och d‘lescht Woch an

der Diskussioun am Huis clos hei stattfonnt,

dann däerf een awer och nach verschidden

Dokumenter rappeléieren, déi,

ech soen et direkt, mä well mer eis jo

awer eens sinn, wäert dat net an d‘Diskussioun

kommen, de Programme directeur

vum Aménagement du territoire

huet zwar keng Base légale, mä ass awer

vum Regierungsrot am Joer 2003 festgehale

ginn. An do ass ganz kloer gesot

ginn, dass d‘Stad Esch e Centre d‘ordre

moyen ass. An e Centre d‘ordre moyen

4.b. Motion Südspidol; décision

huet no deem Programme directeur vum

Aménagement du territoire och als

Aufgab, op sengem Territoire een oder

méi Spideeler mat spezialiséierten Doktere

virzefannen.

Also si mer och duerch esou Texter, géing

ech bal soen, homo logéiert fir dierfen hei

ganz aktiv ze froen, datt dat Spidol op

Esch kënnt.

Da sinn awer net nëmmen historesch Lienen

an och national Dokumenter wichteg,

mä och de Présent an och d‘Zukunft

vun eiser Stad bréngen et mat sech, datt

et ganz wichteg ass, datt dat Spidol op

eisen Territoire kënnt an dat ass nämlech

datt Dir wësst et alleguerten, 2014 d‘Universitéit

hir Dieren op Belval wäert

opmaachen an et ass extremst wichteg,

dass dat Südspidol an enger ganz noer

Proximitéit zu der Uni wäert gebaut gi fir

déi Lienen tëschent deenen zwou Institutiounen

och ganz kloer ze definéieren an

datt déi och onkomplizéiert kënnen

iwwert d‘Bühn goen.

D‘Accessibilitéit, d‘Mobilitéit fir an e Spidol

ze kommen, ass eppes ganz wichteges.

Net nëmme fir de Patient. De

Patient muss ganz einfach dohinner kommen,

mä och d‘Personal wat do schafft,

wat net wäert manner ginn. Et muss een

och rappeléieren, datt de CHEM ee vun

de groussen Arbeitgeber hei am Land ass.

Wann ech déi leschte STATEC News richteg

am Kapp hunn, mengen ech, si mer

ënnert den 10 gréissten Arbeitgeber hei

am Land an net wéi an anere Secteuren

décroissant, mä de Secteur hospitalier ass

doudsécher een deen net mam Personal

wäert erofgoen, mä éischter eropgoen.

An duerfir ass d‘Accessibilitéit op e méigleche

Site och ganz wichteg, awer och

d‘Accessibilitéit net nëmme fir d‘Escher

Patienten oder d‘Escher Personal, mä fir

dat ganzt. Och musse Sitë proposéiert

ginn déi och fir déi aner Gemenge ganz

einfach accessibel si mam Auto, mä awer

och grad esou wichteg mam Transport

public.

E lescht Argument menger Meenung no,

wat mer als Escher och hei op den Dësch

musse leeën, dat ass och ëmmer datt mir

vun Ufank un och ëmmer gesot hunn,

datt dat Spidol op Esch gehéiert, well et

och 100%teg eng Vocation transfrontalière

muss hunn.

Grenziwwerschreidend Spideeler ginn et

der ganz vill an Europa. Mir wäerte jo

och elo am September d‘Konstitutioun

vun eisem Groupement européen de

coopération territoriale endlech kënnen

an d‘Liewe ruffen op Grond vum neie

Préfet vun der Région Lorraine. Et gi ganz

vill Beispiller un der franséisch-spuenescher

Grenz. Et gi Beispiller un der franséisch-belscher

Grenz vu grenziwwer-

Escher Gemengerot vum Freideg 13. Juli 2012

18

schreidende Spideeler. Dat ass eng

Optioun déi mer eis net däerfe verbauen.

D‘Mobilitéit vun de Patienten um europäeschem

Niveau gëtt och elo ëmmer,

an och hir Rechter, gëtt och duerch europäesch

Direktiven ëmmer méi gekläert.

Do ass am Moment eng europäesch

Direktiv déi muss transposéiert ginn, déi

jiddwerengem, och eis, an anere Länner

als Patient méi Rechter wäerte ginn an

dofir ass d‘Vocation transfrontalière och

ee vun de Pilieren déi mir hei och an de

Virdergrond setzen.

Dofir, Madame Buergermeschter, proposéiere

mer als sämtlech Fraktiounen hei

eben déi Motioun, wou mer wierklech

ganz kloer soen, mir als Escher Gemengerot

drécken haut heimatter de politesche

Wëllen aus, dass alles soll op de Wee

geleet ginn, datt dat neit Südspidol soll

op Escher Territoire gebaut ginn. An

duerfir froe mer, Madame Buergermeeschter,

datt der Commission administrative

vum CHEM dräi potentiell Siten

um Escher Territoire solle presentéiert

ginn, datt den externen Expert déi kann

analyséieren an datt herno kann en bonne

et due forme d‘Décisioun geholl ginn,

datt dee Site deen am beschte appropriéiert

ass, soll zréckbehale gi fir dat

d’Südspidol kann drop gebaut ginn. Merci.“

Buergermeeschter Lydia Mutsch (LSAP):

„Merci, Här Codello. Mir hu schonn 2

Wuertmeldungen. Déi éischt ass déi vum

Här Kox an duerno den Här Bernard.“

Martin Kox (DÉI GRÉNG): „Merci,

Madame Buergermeeschter. Merci, Här

Codello, fir déi gutt Aféierung wou a sech

schonn dat Meescht gesot ass. Als laangjäregen

Acteur am Escher Spidol kann

ech aus Erfahrung schwätzen a gesi wat e

Site vun engem Südspidol dat de

Moment existéiert op 3 verschidde Plazen,

wat dat vu Problemer mécht.

Ech mengen et ass jo elo, Gott sei Dank,

eng national Virgab fir e Site unique ze

fannen an och anzeriichten. Awer logistesch

wat de Moment passéiert zwëschen

deenen 3 Siten ass extrem komplizéiert

an déi 3 Spideeler bleiwen nach wie vor

Friemkierper fir déi allen 3 an ech

mengen déi Idee vun engem Site unique

kann ech nëmmen ënnerstëtzen.“

Schäffe Jean Huss (DÉI GRÉNG):

„Martin, d‘Journaliste verstinn anscheinend

net wat s de seess.

Also vun der...“

Buergermeeschter Lydia Mutsch (LSAP):

„De Mikro e bësse méi no.“Schäffe Jean