Sie wollen auch ein ePaper? Erhöhen Sie die Reichweite Ihrer Titel.
YUMPU macht aus Druck-PDFs automatisch weboptimierte ePaper, die Google liebt.
15. Devis et crédits spéciaux / 16. Convention d‘Esch/Alzette / 17. Questions de personnel

schonn informéiert haten, kënnt en neie

Module op d‘Plaz beim Conservatoire,

d‘rue des Acacias an dee Kredit war

natierlech net virgesinn am Budget wéi

mer dee gestëmmt hunn am Dezember.

Duerfir géif ech Iech bieden deen neie

Kredit vun 51.000 € ze stëmmen.“

Buergermeeschter Lydia Mutsch (LSAP):

„Au vote.“

Conseillers présents:

M. Marc Baum – M. Zénon Bernard –

Mme Taina Bofferding – M. Marco

Goetz – M. Mike Hansen – Mme Annette

Hildgen – M. Jean Huss – M. Théid

Johanns – M. Martin Kox – Mme Lydia

Mutsch – Mme Vera Spautz – M. Jean

Tonnar – M. Paul Weidig – M. Everard

Wohlfarth – M. André Zwally

Le Conseil Communal décide à l’unanimité

de modifier le budget ordinaire

de l’exercice 2012.

15. Devis et crédits spéciaux;

décision

Buergermeeschter Lydia Mutsch (LSAP):

„Sou, mir hunn dann nach Devis et crédits

spéciaux. Dat betrëfft zum engen

d‘Aarbechte ronderëm d‘Vergréisserung

vun der Lallenger Schoul an d‘Konstruktioun

vun der Maison Relais. Do waren

nach net all Voleten integréiert wat d‘Cuisine

de production ubelaangt an dat huet

dann och eng Repercussioun op d‘Consommation

électrique an de Besoin vun

engem neien Transformateur, dofir ass

deen éischten Devis mat Crédit spécial.

An dat zweet betrëfft d‘Zone 30 an der

Bieleser Strooss an do geet et ëm den

Aménagement de l‘embouchure, rue de

Belvaux / boulevard Charles de Gaulle a

mir géingen Iech bieden dësen zwee

Devisen a Crédits spéciaux Ären Aval ze

ginn.

Den Här Zwally.”

André Zwally (CSV): „Merci, Madame

Buergermeeschter. Ech menge wat d‘Devisen

ubelaangt, wollt ech awer nach eng

Kéier drop zréckkomme wat mer an der

CSV ëmmer gesot hunn. Mir sinn der

Meenung, dass ee soll wann een déi

Devis définitif huet, esou no wéi méiglech

bei der Realitéit bleiwen. Mir haten

d‘Diskussioun schonn doriwwer, et soll

och an déi Richtung goen, dass wa géif

um Niveau vum Personal eppes feelen,

dat heescht well ganz einfach de Suivi

net méiglech ass duerch d‘Personal wat

géif feelen, da soll een op de Wee goe fir

méi Personal anzestellen. Well wann een

am Endeffekt kuckt, wéi vill Prozent dass

mer elo iwwerall wat d‘Devisen ubelaangt,

driwwer leien, da mengen ech

géif dat sech och rentéiere wann ee géif

an d‘Personal investéieren déi dee Suivi

vun esou definitive Projete kéint maachen.“

Buergermeeschter Lydia Mutsch (LSAP):

„Bon, de Schäfferot deelt déi Ausso déi

elo hei gemaach ginn ass. Mir probéieren

och héchstméiglech dat esou ze maachen,

mä an dësem Fall war et schwiereg,

well wéi Dir kënnt aus dem Dokument

erausgesi war e Litige do. Dat ass natierlech,

an en zolitten, jo eng Faillite fir et

méi präzis ze soen, a mir mengen och,

dass eng Rei vu Fraise kënne recuperéiert

ginn. Mä mir haten do e puer Leit déi

ganz schnell reagéiert hunn, virun allem

an eise Servicer, esou dass de Projet awer

elo gutt um Instanzewee bleift, mä en ass

awer elo ebe mat zousätzleche Fraise verbonnen.

An dat zweet betrëfft am Fong

en Avancement vun den Aarbechten. Dat

wat elo hei als Crédit supplémentaire virgesinn

ass, war virgesinn am Budget

2013, gëtt awer elo virgezu well déi Aarbechte

sollen no Récksproch mat deenen

aneren Acteuren, ënner anerem och

staatlech Acteure virgezu ginn. Dat ass

am Fong d‘Erklärung dovunner. Mä déi

Remarque déi Dir gemaach hutt, bleift

awer trotzdem richteg.

Au vote.“

Conseillers présents:

M. Marc Baum – M. Zénon Bernard –

Mme Taina Bofferding – M. Marco

Goetz – M. Mike Hansen – Mme Annette

Hildgen – M. Jean Huss – M. Théid

Johanns – M. Martin Kox – Mme Lydia

Mutsch – Mme Vera Spautz – M. Jean

Tonnar – M. Paul Weidig – M. Everard

Wohlfarth – M. André Zwally

Le Conseil Communal accepte à l’unanimité

les devis et crédits spéciaux.

16. Convention avec le Centre

de rencontre et d‘information

pour jeunes d‘Esch/Alzette;

décision

Buergermeeschter Lydia Mutsch (LSAP):

„Sou, mir kéimen dann zu Punkt 16,

deen eis Jugendschäffin concernéiert an

zwar eng Konventioun mam Centre de

rencontre et d‘information pour jeunes

an zwar eng Konventioun déi mer mam

Ministère maachen. Madame Spautz.“

Schäffin Vera Spautz (LSAP): „Genau,

déi mer mat dem Jugendhaus hunn. An

Escher Gemengerot vum Freideg 13. Juli 2012

35

Dir wonnert Iech vläicht firwat déi elo

réischt oder erëm eng Kéier hei am

Gemengerot ass.

Dir gesitt, datt d‘Konventioun eigentlech

den 12. Dezember 2011 scho fäerdeg

war an du festgestallt ginn ass bei der

Plattform, datt e Betrag vu 6 Komma ech

weess net wéi vill Euro falsch ageschriwwe

war. An eis Servicer hunn deen ageschéckt

am Januar a mir hunn et elo

réischt erëmkritt. Dofir gëtt et héich Zäit,

mir si frou, datt mer se elo virun der

Vakanz gestëmmt kréien, well soss kritt

d‘Jugendhaus kee Geld. Mir kënnen dat

vun der Gemeng aus nach avancéieren,

awer dat vum Ministère geet net. Et ass

net déi éischte Kéier passéiert. Et ass déi

drëtte Kéier passéiert dat dote, leider,

beim Ministère. Mir hu gesot d‘nächste

Kéier gi mer alles an de Grapp of, esou

datt mer déi haut stëmme wäerten nach

eng Kéier an et geet ëm en insgesamte

Montant vu 468.231 €. An Dir wësst,

datt dat 50% Ministère a 50% Gemeng

ass wou d‘Käschten opgedeelt ginn. Wa

mer dann haut stëmmen, kréie se och

alleguerten hir Pei.“

Buergermeeschter Lydia Mutsch (LSAP):

„Merci, Madame Spautz. Au vote.“

Conseillers présents:

M. Marc Baum – M. Zénon Bernard –

Mme Taina Bofferding – M. Marco

Goetz – M. Mike Hansen – Mme Annette

Hildgen – M. Jean Huss – M. Théid

Johanns – M. Martin Kox – Mme Lydia

Mutsch – Mme Vera Spautz – M. Jean

Tonnar –

M. Paul Weidig – M. Everard Wohlfarth

M. André Zwally

Le Conseil Communal décide à l’unanimité

d’approuver la convention du

12 décembre 2011 concernant les services

pour jeunes pour l’année 2012.

Buergermeeschter Lydia Mutsch (LSAP):

„Entschëllegt, ech hunn e Feeler

gemaach, d‘Madame Bofferding hat sech

bei mir gemellt als Riedner an ech hunn

direkt au vote gesot. Exceptionellement

wollt ech hir awer d‘Wuert ginn, dass se

kann hire Punkt soen. Et ass wierklech dës

Kéier mäi Feeler.“

Taina Bofferding (LSAP): „Merci, et

ass net schlëmm. Et ass och just ganz

kuerz. Ech wëll Iech eng Info mat op de

Wee ginn.

Deen een oder anere weess et vläicht

scho vun Iech, eise CRIJ gëtt dëst 20 Joer

al, respektiv 20 Joer jonk a si feieren dat