Sie wollen auch ein ePaper? Erhöhen Sie die Reichweite Ihrer Titel.
YUMPU macht aus Druck-PDFs automatisch weboptimierte ePaper, die Google liebt.
dann als Wuertmeldungen déi Häre Kox

an Zwally a Baum.“

Martin Kox (DÉI GRÉNG): „Merci,

Madame Buergermeeschter. Merci och

dem Här Hinterscheid fir seng Ausféierungen.

Hei geet et am Prinzip nëmmen

ëm e „Lot-Tausch“. Ech wëll awer op ee

Punkt vun deem Lot Nr 7 agoen an deen

effektiv hei ausféieren. Dësen neie Quartier

Nonnewisen „Wunnen am Park“ huet

spezifesch Critèren, ass bekannt. D‘Objektiv

ass eng Sozialmixitéit, den héijen

Energiestandard, vill Parkanlag an eng

modern Mobilitéit. Et ass dee leschte

Punkt deen ech hei elo wollt uspriechen.

Et ass grad dëse Lot 7 iwwert deen hei

informéiert ginn ass an deen als autofräie

Quartier – net ze verwiessele mat „Wunnen

ouni Auto“ – ugeduecht ass. Dëse

Projet wëlle mir onbedéngt mat ënnerstëtzen.

Esou e Quartier huet e Symbolcharakter

an huet op jidde Fall eng besser

Wunnqualitéit. Mir Escher sinn och déi

éischt déi déi Idee haten a mir wieren

och déi éischt déi esou e Projet hei am

Land realiséiere géifen.

Dat Konzept ass a ville Groussstied

aktuell. D‘Zukunft an de Stied gehéiert

der Mobilité douce an net méi dem Auto

mat deem mir grouss gi sinn. D‘Stad Lëtzebuerg

plangt e Quartier um Lampertsbierg

„Wunnen ouni Auto“ an zu Diddeleng

ass de ganze Projet vun hiren

Industriebroochen als autofräi bezeechent.

Mir sollten hei mat där Idee vum

autofräie Quartier deen nëmmen dëse

Lot betrëfft, Virreider bleiwen an e qualitativ

besser Wunnquartier schafe wou en

plus d‘Gehstrecken zwëschent der Ofstellplaz

vum Auto bis zu der Hausdier 50

Meter bedrinn.

Ech géif proposéieren effektiv wa Leit

interesséiert wieren, dass mer en entspriechende

Projet am Ausland kënnten

effektiv gesinn. Ech mengen do ginn et

sëlleger. Ech mengen ech war selwer eng

Kéier viru Joere mam Mouvement écologique

zu Freiburg wou ech och als Student

war, wou e ganze Bezierk, eng ganz

al Brooch vu franséische Kasären entspriechend

autofräi realiséiert ginn ass.

Ech soen Iech Merci.“

Buergermeeschter Lydia Mutsch (LSAP):

„Merci, Här Kox. Et ass dann um Här

Zwally.“

André Zwally (CSV): „Merci, Madame

Buergermeeschter. Ech denken dass mer

dës öfteren hei ware wat d‘Entwécklung

vun de Quartier „Nonnewisen“ ubelaangt

an oft iwwert all dat wat mer eis virstellen,

wat do kënnt realiséiert ginn, diskutéiert

hunn.

6. Wunnen am Park Nonnewisen

Ech hunn awer elo festgestallt, datt mer

eigentlech am Laf vun der Zäit wat déi

Mixité sociale ubelaangt, ëmmer vergiess

hunn oder op d‘mannst net dru geduecht

hu fir d‘Mixitéit vun de Generatioune mat

eranzebréngen. Ech sinn der Meenung,

dass bei der Urbanisatioun vun deene

Quartieren, och vun deem Quartier dee

mer do hunn, mer och sollen net vergiessen,

dass mer Maison de génération oder

betreites Wohnen zum Beispill kéinten op

Grond vun eiser Part déi mir als Gemeng

hunn, do erabréngen.

Ech wollt dat just mentionéieren, well

ech der Meenung sinn, datt mer dees net

genuch hei an Esch hunn, an dass et och

derwäert ass an enger Kommissioun

iwwert de Volet vun deem doten ze

diskutéieren. Doriwwer eraus sinn ech

och der Meenung, dat wat hei den Här

Kox gesot huet, e ganz wichtegt Element

ass. An Zukunft wäerte mer eis missten

domatter ausenanersetze wéi mer eis

Quartiere wëlle weider entwéckele mat

der ganzer Mobilitéit. Mir wëssen alleguerten,

dass et Problemer ginn um

Niveau vun de Garagen, respektiv um

Niveau vun der Mobilitéit wat d‘Autoen

ubelaangt. Mir gesinn, dass vill Qualitéit

doduerch verluer geet, well mer ganz vill

Diskussioune musse féiere ween dann

eng Garage huet a ween däerf stationéieren

a ween net a wou mer dann d‘Autoe

wëllen hisetzen. Och dat schéngt eis problematesch

ze ginn. Mir waren als CSV

och der Meenung, dass ee kann diskutéieren

a soll diskutéieren iwwer autofräi

Quartieren, well et gëtt dat alles am Ausland.

Et soll ee kucke goen esou wéi dat

hei proposéiert ginn ass vun deene Gréngen.

Mir wäerten op jidde Fall an de

Kommissiounen déi zoustänneg dofir

sinn, eisen Appui gi wann et dorëms geet

fir eng besser Qualitéit hei an Esch ze

kréien op deem doten Niveau.

An deem Sënn wäerte mer awer hei dem

Schäffen och deen dote Lot, respektiv

och dat wat hei ze votéieren ass, wäerte

mer mat stëmmen.“

Buergermeeschter Lydia Mutsch (LSAP):

„Merci, Här Zwally. Et wier dann um Här

Baum.“

Marc Baum (DÉI LÉNK): „Reng formal

hu mer et hei mat engem Îlotstausch ze

dinn dee sech awer aschreift an déi zweet

Verännerung vum Masterplang vun den

Nonnewisen. Dës zweet Verännerung

vum Masterplang hu mir als Lénk net mat

gestëmmt. Mir hunn eis do enthalen,

well verschidden, an eisen Ae fundamental

Ännerungen doranner stattfonnt

hunn. Notamment deen, datt vun der

Gemengesäit aus kee lokative Wunnraum

Escher Gemengerot vum Freideg 13. Juli 2012

24

geschaaft gëtt, mä datt alles zur Vente

gestallt gëtt. A wann een iwwer Mixité

sociale schwätzt an et stellt een alles zur

Vente, da weess een datt een e Quartier

schaaft, deen ufänkt bei de kreditwürdege

Mëttelschichten an eben net

eng sozial Mixitéit huet déi nach am

éischte Masterplang dra stoung, wou

d‘Escher Gemeng sech och verpflicht hätt

10% lokative Wunnraum ze schafen.

Dëst gesot, ouni op déi ganz Debatt déi

derhannert steet nach eng Kéier anzegoen,

wäerte mer eis konsequenter Weis

och dës Kéier zu dësem Projet enthalen.“

Buergermeeschter Lydia Mutsch (LSAP):

„Merci, Här Baum. Den Här Bernard.“

Zénon Bernard (KPL): „Merci,

Madame Buergermeeschter. Ech deelen

d‘Meenung vum Här Baum do wann hie

schwätzt wann ee gär Mixitéit hätt an

engem Quartier, da muss een och dofir

suergen, dass déi sozial Mixitéit garantéiert

ass. Ech hat proposéiert während

de Budgetsdebatten, dass ee soll a Richtung

goe Location/Achat och, fir de Leit

d‘Méiglechkeet ze ginn op Grond vun

engem vernënftege Loyer, lues a lues Proprietaire

ze ginn, mat all Apport mensuel

deen hien do mécht zu deem Loyer. Dat

heescht, dat nennt sech Location/Achat a

bedeit, dass och déi Leit déi kee Prêt

kréien op de Banken, déi sozial méi

schwaach do stinn, dass déi och d‘Geleeënheet

kënne kréien op déi do Aart a

Weis Proprietaire ze gi vun enger würdeger

Wunneng.

Duerfir enthalen ech mech och. Ech wollt

dat motivéiere fir meng Enthalung.

Merci.“

Buergermeeschter Lydia Mutsch (LSAP):

„Merci, Här Bernard. Dann äntwert den

zoustännege Schäffen.“

Schäffen Henri Hinterscheid (LSAP):

„Merci. Et sinn e puer Remarquë

gemaach ginn déi eigentlech dat wat

mer elo haut hei virleien hunn, net tangéieren,

déi awer méi prinzipiell, prinzipiell

d‘Ausriichtung vum Projet Nonnewisen

ugeet.

Dat wat den Här Kox gesot huet, dat ass

dass mer solle versichen hei an deem 7N

en autofräie Quartier ze maachen an dat

wäerten d‘Planer vun de PAPe matkréien.

Dat bedeit, dass mer amgaang si parallel,

well Dir hutt Freiburg zitéiert a mir diskutéieren

oft iwwer Freiburg, dass een

iergendwou op deem Quartier eng kollektiv

Garage hi baut an dass d‘Haiser

zwar wuel nach accessibel si mam Auto,

wann ee Kannerkutschen oder Kommissioune

muss eraushuelen, mä dass den