Sie wollen auch ein ePaper? Erhöhen Sie die Reichweite Ihrer Titel.
YUMPU macht aus Druck-PDFs automatisch weboptimierte ePaper, die Google liebt.
el vun Esch? Wat hu mir am Virfeld

misste vun Aarbechte preparéieren, organiséieren

an och décidéieren? Eng ganz

Panoplie vun neien, virun allem vun

Zesummenhäng, den Iwwerleeunge ware

fir déi lokal, déi national an esou wéi Dir

och gesot hutt, Madame Buergermeeschter,

déi Nopeschgemengen an hirer

Gesamtëmsetzung vun dem neie Quartier

eng grouss Erausfuerderung.

Denkt ee kuerz zréck un all déi Entscheedungen

déi geholl gi sinn, dann ass et

wéi wann dëst selbstverständlech

gewiescht wier wat bis elo geleescht

gouf. Mir hunn haut de Punkt vun de

Studentewunnengen um Ordre du jour a

wa mir an eisem Réckbléck et kritesch

uginn, da stelle mir fest, datt mir op

dësem Punkt à ce stade keng zefriddestellend

Bilanz kënnen zéien. Firwat?

Als CSV hu mir an eisen Interventiounen

ëmmer betount, datt mir e reelle Retard

hunn op dësem esou wichtege Punkt. U

wat huet et gefeelt? Mir waren als CSV

ëmmer der Meenung, datt déi regelméisseg

Informatioun an de gudde Wëlle

fir et méi séier ze maache bei dëser Koalitioun

gefeelt huet. Ze waarde bis déi stättesch

respektiv aner eis géifen an dëser

Fro ënnerstëtzen, ass eng Feelaschätzung

gewiescht. Den aktive Part bei dëser Fro

hätt missten aus dëser Koalitioun kommen,

op d‘mannst op dem Gemengenniveau,

do wou een d‘Responsabilitéit huet.

Konkret hu mir um Niveau vun de Studentewunnengen

nach net vill unzebidden

als Gemeng, ausser e puer Wunnengen

déi a kuerzer Zäit wäerte fäerdeg

gestallt ginn.

Wat erwaart sech e Student deen op Lëtzebuerg,

respektiv op d‘Uni Lëtzebuerg

an dëser Hinsicht studéiere kënnt? Wann

ee sech ëmfreet bei eise Studenten déi

am Ausland studéieren, da sinn d‘Critèrë

bal iwwerall déiselwecht. Wat fir eng Critèrë

sinn unzewende bei enger Studentewunneng?

Éischtens, d‘Proximitéit, déi

och hei schonn ugedeit ass. Zu hierer

Universitéit, den Trajet soll all Dag esou

no an esou kuerz wéi méiglech sinn. De

Perimeter gëtt ganz oft op 3 km ausgeschätzt

an dat sinn och fir si dann déi Critèrë

wat den ëffentlechen Transport ubelaangt,

dee se bëlleg a virun allem och

schnell misste kréien.

D‘Studentewunnenge sollten esou no

beienee leie wéi dat nëmme ka sinn. Dat

ënnerenee liewen, wa méiglech ganz

zesummen, dat ass wichteg. Also d‘Implantatiounen,

esou wéi se virgesinn ass

um Niveau vun de Quartieren, ass bei

hinnen net gefrot. Wa méiglech zentral

an der Stad liewen, wou d‘Geschäfter wa

méiglech nei, flott a modern fir déi alldeeglech

Kommissiounen ze maachen,

2. Logements pour étudiants

kee Calvaire gëtt. Dozou fënnt een am

Ausland e Studentepass als eng Kaart

erëm, déi de Studenten a bestëmmte Fäll

och Prozenter ubidden. Dozou wär et

och gutt, wann ee géif mam Geschäftsverband

a mat aner Institutioune géif

verhandele fir och deementspriechend

Avantagen auszehandelen. Et ass och hei

scho gesot gi vum Nuetsliewen. Caféen

an Discoen an Esch. Alles dat si Froen déi

bei hinnen ëmmer erëm zum Virschäi

kommen, ob d‘Nuetsliewen och an deem

Sënn e grousse Roll spillt, och garantéiert

ass. Wa méiglech och do wou se studéieren,

dat heescht eraus aus der Uni an da

wa méiglech an e Café oder soss iergendwou

wou se sech kënnen ënnerenee treffen,

net ze wäit ewech vun deem wat

hiert alldeeglecht Liewen ubelaangt.

Hei sinn nach e puer Suggestioune vun

eiser Säit. Richteg ass, dass d‘Uni Studentewunnengen

zu Esch huet, mä et misst

een och kucken, datt och aneschters

Wunnenge fir d‘Studenten ugebuede

ginn. D‘Uni zum Beispill hëlt nëmme

gréisser Ensembelen a keng eenzel Wunnengen.

Do misst een och aner Méiglechkeete

virgesinn. Mir hunn de Projet

Babuschka, dee soziale Projet vum Héichschoulminister,

dee viru Joeren eng Kéier

virgestallt ginn ass. Eiser Meenung no

wär et och richteg, Madame Buergermeeschter,

wann Dir géift mat der Familljeministesch

a mat dem Héichschoulminister

eng Kéier Kontakt ophuele fir och

zu Esch eng Konferenz ze maachen an

dann deementspriechend eng Campagne

ze maachen iwwert de Sujet vun deem

soziale Projet Babuschka.

D‘Stad Esch soll selwer, esou wéi och den

Här Baum dat scho gesot huet, Wunnenge

kafen oder Gebailechkeeten déi se

huet als Studentewunnengen ariichten

an och der Uni verlounen, also méi där.

An d‘Studentewunnengen, wéi gesot,

sollten och zu eisem Konzept gehéieren

dee mir an der ganzer Panoplie vu Wunnengen

ubidden.

D‘Bautekommissioun ass ugesprach ginn.

Mir sinn der Meenung, dass den Numm

vun de Studentewunnengen net oft

genuch virkënnt an et misst een och op

de Wee goen am Laf vun der Zäit, da wa

mer Erfahrunge maachen um Niveau vun

deem wat dat soll bedeiten, eng Adaptatioun

maachen op Grond vun deene

Gegebenheeten déi eis kéinten dozou

féiere fir wierklech méi an deem dote

Sënn ze maachen. Also bei der Analys déi

mer da wäerte maachen och um Niveau

vun der Bautekommissioun am Bautereglement

Adaptatiounen ze maachen.

Wichteg bei hinnen ass och den Zougang

zu de moderne Medien. Et muss ee wësse

wann een am Privaten herno iergendwou

Escher Gemengerot vum Freideg 6. Juli 2012

8

eppes huet, dann ass bei hinnen och

d‘Fro den Internet. Wéi wäit ass deen disponibel

a wann en disponibel ass, wat

kascht en? Alles dat sinn Elementer déi

bei hinne ganz wichteg sinn. An dann

och een Element, dat ass nämlech de

Concierge. Wann ee grouss Gebaier huet

a wann een iergendwou isoléiert dorëmmer

ass an et ass ee mat engem Proprietaire

geplot oder soss iergendwou, ass et

wichteg fir si, dass wa si iergendwou

eppes hu wat net méi fonctionnéiert um

Niveau vum Waasser, Stroum oder Elektresch

oder soss iergendwou eppes, dass

si direkt en Uspriechpartner kréien deen

dat dann och direkt an d‘Rei mécht, wou

et en Délai eigentlech gëtt fir dat kënnen

ze maachen.

Fakt ass och, dass d‘Studente matten an

Esch wëlle gäre wunnen. An do muss een

natierlech sech och domatter ausernee

setze fir am Zentrum vun Esch méi där

Wunnengen unzebidden, well mir hu jo

och am Bautereglement, dat soll een och

wëssen, fir déi déi net sollen an der Bautekommissioun

sinn, do ginn et Spezialreglementer.

Et kann een intern hei am

Kär vun Esch net alles maachen. Dat soll

ee mol wëssen.

Dann hu mer dee 5. Deel, deen ech dës

öfteren och als CSV gesot hunn, dat ass

dee vun de Sportanlagen. Mir musse

wëssen, dass do vill Studente kommen.

Et si 7 - 8.000 Studenten déi herno wäerte

kommen a mir mussen eis drop astellen,

dass déi Sportinfrastrukturen an e

Gesamtkonzept musse kommen, wou déi

Leit d‘Méiglechkeet kënne kréien, oder

déi Studenten d‘Méiglechkeet kënne

kréie fir dat kënnen ze maachen. Ech

wollt e Beispill ginn, nämlech dat vu

Léck. Déi huet iwwer 54 verschidde

Sportsaktivitéiten um Niveau vun hirem

Campus, vun hirem Site, an déi kënnen

alleguerten ofgehale ginn. Ob dat am

Fräien ass oder an der Hal. Dat ass e Beispill

wou ee sech eng Kéier sollt un där

Universitéitsstad huelen.

Den Usproch vun enger moderner Universitéit

déi mir eis sollte ginn an dëse

Gedanken, déi mir als CSV elo gemaach

hunn, wollt ech zum Schluss nach soen,

dass och déi administrativ Simplificatioun

déi fir si och wichteg ass, haaptsächlech

um Niveau vum Lokalen. Well si gesinn

dat oft als eng Plo wann iergendwou si

musse sech iwwerall beweegen innerhalb

vun enger Stad déi se nach net kennen

an do si mir der Meenung dass et wichteg

wier, dass een um Niveau vum Biergeramt

zum Beispill eng Annexe oder

zäitweis eng Annexe géif opmaachen, da

wa bei hinnen d‘Semesteren zum Beispill

uginn, fir hinnen do entgéint ze komme

fir deen administrativen Deel an d‘Forma-