Erfolgreiche ePaper selbst erstellen
Machen Sie aus Ihren PDF Publikationen ein blätterbares Flipbook mit unserer einzigartigen Google optimierten e-Paper Software.
Buergermeeschter Lydia Mutsch (LSAP):

„Merci, Här Hansen. D‘Madame Hildgen.“

Annette Hildgen (CSV): „Merci,

Madame Buergermeeschter. Hei sinn

d‘éinescht e puer Saache gesot gi vum

Här Huss, déi sinn net richteg.”

Schäffe Jean Huss (Déi Gréng):

“Gelifft?”

Annette Hildgen (CSV): „Et sinn e

puer Saache gesot gi vum Här Huss, déi

sinn net richteg.”

Verschidde Stëmmen: “Ouh?”

Annette Hildgen (CSV): „Ajo, déi

éischt Saach war, datt d‘Leit mat deene

klenge Kanner dohinner ginn. Den Här

Hansen huet et richteg gesot, et ginn och

grouss Kanner dohin. Dat heescht, et sinn

net nëmme kleng Kanner …”

(Allgemengt Geschwätz)

Schäffe Jean Huss (Déi Gréng): “Ech

hat scho gemengt, ech hätt eppes

Schlëmmes gesot.”

Eng Stëmm: “Déi gi jo awer net

alleng.”

(Gelaachs)

Annette Hildgen (CSV): „Jo, jo, nee,

et gëtt alles hei berichtegt. Wann ech

nëmme kucke wéi vill Schoulklassen hei

profitéiere fir mat de Kanner doropper ze

goen, déi dat mat abannen an hire Biologieunterricht

zum Beispill, wat ganz

gutt ass, an datt ganz vill Kanner ni

woussten, déi scho méi laang hei zu Esch

hei ënne wunnen, datt do uewen a) e

Park gëtt, b) datt do Déiere sinn. Do si

Kanner dobäi déi mat 7, 8 Joer fir d‘éischt

an hirem Liewen zum Beispill eng Geess

gesinn. Déi fir d‘éischt en Hong gesinn.

Dat gëtt, an dofir eleng ass et wichteg,

datt mir esou Saachen hunn, well

d‘Schoulen däerfen do net vergiess ginn.

Dat gëtt mat agebonnen an dat bréngt

fir d‘Kanner en immens grousse Wëssensgewënn.

Dat zweet, Här Huss, wat Dir falsch gesot

hutt, war, datt et net genuch bekannt

wier, d‘Madame Bofferding huet dat och

gesot. Do kann ech Iech awer nominell

soen, datt do Leit aus der Stad heihinner

kommen, op Esch, Elteren, Grousseltere

mat de Kanner fir heihinner ze komme fir

déi Déieren ze kucken. Dat heescht, en

ass scho bekannt. Wat natierlech net gutt

ass, a mir si frou als CSV, datt hei endlech

op den Ordre du jour kënnt vun enger

Gemengerotssëtzung, ass, datt dat ganzt

Konzept muss iwwerduecht ginn. Well et

10. Parc animalier Gaalgebierg

sinn och Reklamatioune komm, fir ze

soen, dat ass net flott. Dat ass net attraktiv,

wéi ginn déi Déiere gehalen? Dat ass

och net ze negligéieren. Ech wëll awer

elo uschléissen an deene Leit Merci soen

déi bis elo do uewe geschafft hunn. Vun

deene gëtt net geschwat. Déi ware praktesch

Dag an Nuecht waren déi am Asaz

fir datt et deenen Déieren déi do uewe

sinn, datt et deene soll gutt goen. Quitte

datt déi Leit vläicht net esou ausgebilt

waren, mä dat ass net hir Schold, wéi ee

soll si wann ee mat Déieren ëmgeet, mä

si hunn hiert Bescht gemaach a wa si net

do gewiescht wieren, da wier den Déierepark

net dat wat et elo ass.

Wou ech frou sinn, wou mir frou sinn

driwwer, dat sinn d‘Ieselen.”

(Gelaachs)

Schäffe Jean Huss (Déi Gréng):

“Dann ass wéinstens eppes gutt.”

Annette Hildgen (CSV): „Dat sinn

Déieren déi enorm beléift si bei de

Kanner, aus iergendengem ominéise

Grond, well se esou zefridde sinn, well se

esou roueg sinn. Et kann ee se upacken a

wann Dir wëllt en Heemelzoo maachen,

do gehéieren d‘Déieren absolut dobäi.

Déiere, Schof, Geessen, ass enorm wichteg.

Et ass och hei vun engem Reitstall

geschwat ginn. Deen hate mir scho fréier

do uewen um Gaalgebierg. Dat wësse

mer alleguerten, déi schonn e bësse méi

al sinn. Dee leider verbrannt ass, mä do

wier zum Beispill eng Méiglechkeet fir

mat den Ieselen iergendwéi eng Aktivitéit

opzebaue wou d‘Kanner da kënnten op

den Iesele reiden. Dat gëtt et an deenen

aneren Zooe gëtt et dat och schonn.

De Park am ganzen, datt dee soll iwwerschafft

ginn, ech mengen dat ass den

zweete Punkt, deen däerf net negligéiert

ginn. Well wann Dir erop gitt, wat

bekannt ass, dat ass d‘Spillplaz déi an

engem exzellenten Zoustand ass a wa

gutt Wieder ass, voll beluegt ass mat

Kanner déi sech do kënnen austoben. Mä

iwwerleet mol nach eng Kéier wat een

nach kënnt maache fir vläicht net alles

zouzebetonéieren, mä wat d‘Leit awer

kënnen dréchene Fouss doropper goe

wann et eng Kéier reent. Mir hunn de

Kutschepad, et sinn der vill vun eis déi

deen nach kennen. Do sinn honnerte vun

Escher Kanner driwwer gefouert ginn,

deen awer fir de Moment an engem Zoustand

ass dee fir d‘Kutsche vläicht net

méi esou gëeegent ass. Mir hunn den

Joggingpad, dee kënnt gutt iwwerschafft

ginn. Mir géifen Iech proposéiere fir dat

iergendwann erëm eng Kéier, méi spéit

wa mer erëm méi Suen hunn oder nach

Escher Gemengerot vum Freideg 13. Juli 2012

30

Suen hunn, fir dat och nach eng Kéier ze

iwwerschaffen.

Wat ganz flott ass, dat ass déi Zesummenaarbecht

mam Beetebuerger Park.

De Beetebuerger Park, dat wësst Dir alleguerten,

deen ass vun der APEMH iwwerholl

ginn an dee war virdrun, éier déi

Joint Venture komm ass, war deen an

engem desolaten Zoustand. Zënter datt

d‘APEMH do ass, ass dat eng absolut Successstory

ginn. D‘Kanner aus dem noen

Ausland, Transfrontalier, déi kommen

heihinner, déi ginn an de Park. Si si

begeeschtert fir d‘Déieren ze kucken an

déi Propos déi mir géife maachen, datt

net nëmmen d‘Kollaboratioun ass, fir mol

vläicht eng Kéier driwwer nozedenken,

ob een net déi ganz Geschicht Déierepark

hei zu Esch, en Outsourcing kéint

maachen an eventuell esou eng Associatioun

mat eranhuelen. Si hunn den Know

How a wat net ze negligéieren ass, dat

sinn effektiv déi Aarbechtsplazen déi

geschafe gi fir behënnert Leit. A vu datt

mer jo awer alleguerte sozial ganz

en gagéiert sinn, däerfe mer déi Leit net

vergiessen. Déi brauchen eng Plaz. Déi

brauchen eng Plaz wou se revaloriséiert

sinn, déi brauchen eng Plaz wou se Freed

hunn, wou se kënnen an der Natur schaffen

an dat si Plazen, do kënnen déi Leit

sech 100% abréngen. Iwwerleet mol eng

Kéier déi Idee, wéi gesot, nach eng Kéier

en Outsourcing mat der APEMH

zesummen. Där Saache gëtt et hei am

Land nach anerer. Zum Beispill de Päiperleksgaart

zu Gréiwemaacher. Deen ass a

privater Hand gewiescht bis dato. Virun 3

Joer ass do déi Damm déi dat gefouert

huet, déi huet gesot, ech packen dat net

méi, zäitlech gesinn a finanziell och net

méi. An do ass do d‘Congreatioun vun

der Helleger Elisabeth, déi ass mat

erakomm. Fir déi Leit déi net wësse wéi

eng Oeuvres datt dat sinn, do si vun alle

Sparten, do si Schoulen dobäi, do sinn

Internaten, do sinn Altersheimer dran,

awer do sinn och Behënnerter dran. An

dat ass Réimech, dat ass Mondorf an et

ass Betzder. De Päiperleksgaart gëtt

géréiert vun dem Institut Saint Joseph zu

Betzder. Dat ass ganz gutt erakomm. Eis

Behënnert schaffen do. Si si begeeschtert.

Finanziell war dat ganz interessant och fir

déi Associatioun, déi Damm déi dat virdru

geleet huet. Dat sinn elo nëmmen

zwee Beispiller fir ze soe wou mer eis

Behënnert kënne mat erabannen. Iwwerleet

Iech et vläicht.

Mä mir sinn op jidde Fall, si mer

begeeschtert heivun. Ech mengen dat

hutt Dir elo héieren, et ass ganz schéin. A

wéi gesot deene klengen an och deene

grousse Kanner déi nach doropper ginn,

a regelméisseg doropper ginn, wënsche