23.04.2014 Views

Luxembourg - Entreprises magazine

Luxembourg - Entreprises magazine

Luxembourg - Entreprises magazine

SHOW MORE
SHOW LESS

Create successful ePaper yourself

Turn your PDF publications into a flip-book with our unique Google optimized e-Paper software.

Carte blanche

« C’est avec du vieux qu'on fait

du neuf... »

(1) (2)

D’Joer as grad 9 Deeg al an et huet scho méi Froen ewéi Deeg. D’Cargolux, BIL, KBL, ArcelorMital,

Luxair, Lëtzebuerg an Europa, den Euro, Staatsfinanzen an d'Vertrauen an eis Institutiounen. Mir dinn

eis schwéier ze erkennen, dass dat, wat am gaang ass an Europa an zu Lëtzebuerg, keng normal Kris

ass. Et ass een Paradigmewiessel. De Räichtum gëtt an Zukunft net mäi geschafen an Europa mä a

China, Indien an a Russland.

Dat neit Joer 2013 fänkt mat deenen

Erausfuerderungen un, mat deenen

dat aalt opgehalen huet. D’Welt ass,

net nom Kalenner vun de Mayaen,

den 21. Dezember ënnergaangen,

ewéi der vill et gemengt haten.

Neen, 2013 wäert weider

grouss Erausfuerderungen un eis

all stellen.

Déi gréisst Erausfuerderung

wäert awer sinn ewéi Lëtzebuerg

an dënnen nächsten Jorzéngte

sech wäert opstellen. Déi rasant

Entwécklung vun der neier Welt,

China, Indien bréngt et mat sech

dat mer, op mer wëllen oder net, eis

an dem neie globaliséierte Kontext

mussen nei opstellen. Dës Erausfuerderung

gëllt fir all Länner aus

der sougenanntener aler Welt.

Mir stinn net eleng do

Et geet hei och net drëms an de

Pessimismus ze falen, mä fir virun

eis ze kucken an zesummen eist

Land fir d'Zukunft nei opzestellen

an engem sougenannten « Luxembourg’s

next Business Model ».

Mir hu vill Plus-Punkte fir

déi mir am Ausland bennide ginn;

eis Liewensqualitéit, eis Sozialleeschtunge

fir der nëmmen e puer

ze nennen. Dat solle mer wëssen,

mä et soll eis och net fesselen.

Éischte Punkt vun dësem

Modell misst sinn den Inventaire

ze maache vun eise Méiglechkeeten

a vun eise Ressourcen.

Mir hu Kär-Kompetenzen op déi

mer kënnen opbauen. Kompetenz

vun engem Industrie Standuert,

Kompetenz vun enger Bankeplaz

a Kompetenz vun enger europäescher

Haaptstad.

Doriwwer eraus ass zu Lëtzebuerg

ëmmer eng spezifesch

kulturell Kompetenz gewiescht,

Mediatioun Interkulturell tëscht

deenen zwou grousse kontinental

europäesche Kulturen, där däitscher

an där franséischer.

Op dës Avantagen, « Le

vieux » kënnen mer opbauen, neies

dorausser ofleeden. Mir kéinten

zum Beispill eis portugisesch Kultur

déi och hei am Land doheem ass,

zesumme mat der Kompetenz vun

der Finanzplaz fir zum Beispill fir de

lusophonne Maart a Südamerika an

an der Welt weiderentwéckelen. Mir

hätten deemno eng Kär Kompetenz,

Bankeplaz mat enger spezifescher

Kompetenz Mediatioun Culturelle,

kombinéiert an domat eng nei

Aktivitéit entwéckelt.

« C’est avec du vieux qu’on

fait du neuf »

Vernetzung vu Kär- a Spezifeschen-

Kompetenzen eleng geet awer net

duer fir de Kader vun dem neie

Modell ze setzen.

Mir mussen eis och zeréck

besënnen op dat wat eis zu Lëtzebuerg

ëmmer staark gemaach

huet. Eis Buedemstännegkeet an

eise Pragmatismus. Mir si kee Land

vu groussen Ideologie mä e Land

vum Raisonnabelen. Mir hunn eis

sozial Konflikter net op der Strooss

ausgedroe mä à la « luxembourgeoise

» dat heescht mat gesondem

Mënscheverstand. Dofir musse

mer eis an dem Kontext zwou Froe

stellen a beäntwere fir eisen Dialog

sozial nees un d'Dréien ze kréien.

Éischtens, wei gesi mer an Zukunft

Gläichgewiicht tëschent deem

deen all Dag op seng Aarbecht fiert,

den schaffende Leit engersäits, an

anersäits, deem deen e betriblecht

Risiko, an enger globaliséiert Welt

dréit, dem Entrepreneur? Musse

mir net eise Contrat sozial neien

Erausfuerderungen upassen?

Zweetens, ass déi klassesch

Tripartite aus de 70 Joere representativ

genuch fir eis Äntwerten op

dës Froen aus dem 21. Jorhonnert

ze ginn? Missten do net nach aner

Persoune Gruppe mat um Dësch,

ewéi ONGen, Société civile mä awer

och Investisseuren?

Ouni alles futti ze schloen,

mä mat präzisen iwwerluechten an

duerch-diskutéierten Upassunge

kéinte mer och an dësem Feld no

dem Refrain vum Lidd La dame

patronnesse vum Jaques Brel virgoen:

« C’est avec du vieux qu’on

fait du neuf ».

Wann mer d’Äntwerten op

dës zwou Froen hunn da kënne

mer och eng Zukunft-Visioun fir

Lëtzebuerg entwéckelen. Am Kader

vun dëser Zukunft-Visioun musse

mer awer och de Realitéite vum

21. Jorhonnert Rechnung droen.

War an de 70 Joeren d'Stad

Lëtzebuerg, d'Haaptduerf aus dem

Land, esou ass dës Stad elo eng vun

de weltwäit wichtegste Finanzplazen

an eng europäesch Haaptstad

eng Kär-Kompetenz ginn. Esou

eng Stad muss mat agebonne gi

proportional zu hirer Kraaft, hiren

auslännesche Matbierger, bei der

Entwécklung vun der Visioun vu

Lëtzebuerg. D’Stad huet eng eege

Responsabilitéit z'iwwerhuelen.

Generell muss an där Visioun,

d'Relatioun Staat a Gemenge mat

de Stied iwwerduecht ginn. Mir

brauche Verwaltungsstrukturen déi

dem 21. Joerhonnert entspriechen.

Hei kënne mer mat zwee Fangeren

an der Nues deen een oder

anere Prozent Wuesstem sécher

erauskëddelen.

Hei gëllt méi ewéi sécherlech

och den Refrain : « C’est avec du

vieux qu’on fait du neuf ».

Marc Hostert

President vun der Fondatioun

Fuse-Esprit d’Entreprise

an ass am Jury vun der Emissioun

Success Story

Follow Marc Hostert sur Facebook

et Twitter : @marchostert

(1) Carte blanche diffusée le 9/01/2013

sur RTL Luxembourg 95.5.

(2) Chanson La dame patronnesse de

Jacques Brel et reprise par Georges

Brassens.

© Yves Kortum

14

Hooray! Your file is uploaded and ready to be published.

Saved successfully!

Ooh no, something went wrong!