Guide 2017
You also want an ePaper? Increase the reach of your titles
YUMPU automatically turns print PDFs into web optimized ePapers that Google loves.
Global Léieren a lokal agéieren

– Haut a muer

De Mouvement Écologique huet virun e puer Woche konkret Virschléi fir d’Gemengewalen

2017 publizéiert, an do sinn och e puer Ureegunge fir eng kommunal Nord-Süd Politik.

Mir, als Representant vun den Acteuren aus der Entwécklungsaarbecht, bedaueren dass

si eis net consultéiert hu fir dës Revendicatiounen, begréissen awer dass de Lien mat der

Politikkohärenz a mat der internationaler Solidaritéit gemaach gëtt.

An dësem Artikel wëlle mir awer op de Virschlag

agoen dass d’Gemenge „Global Léieren“ fërdere

sollen, an dat net just an de Schoulen, mee och an

Zesummenaarbecht mat den ONGen. D’ONGen

an de Cercle sinn effektiv do scho laang aktiv an

et gëtt och eng spezifesch finanziell Ënnerstëtzung

vun der Regierung die Aktivitéiten an dësem

Beräich zur Säit steet.

Firwat ass Global Léieren iwwerhaapt

wichteg?

Nohalteg denken an handelen ass eng

grouss Erausfuerderung un d’Politik an

un eis Gesellschaft.

Wat sinn d’Ziler vum Globale Léieren?

Mam Globale Léiere soll een d’Zesummenhäng

zwëschen eisem Liewensstil an de globalen

ökologeschen, sozialen a wirtschaftleche

Problemer besser verstoen, an Iddie kréie wéi

mir an eisem Ëmfeld bewierken.

Agenda 2030 a Global Léieren,

Aktioun an der Gare 2015

Global Léieren ass am Prinzip eng pädagogesch

Äntwert op Defien a Froen, déi d’Globaliséierung

mat sech bréngt – Ressourcen déi

limitéiert sinn, de Klimawandel an alternativ

Energien, nei Wirtschaftsmodeller, d’Securité

alimentaire an eng gerecht Ëmverdeelung

vun eisem materielle Wuelstand. Dat sinn

alles Themen déi Erwuessener a besonnesch

Jugendlecher beweegen, an déi global verankert

sinn.

D’Globalt Léiere wëll nei Iwwerleeung- an

Handlungsfäegkeeten entwéckelen. Besonnesch

déi Jugendlech sollen doduerch d’Kompetenze

kréien, déi mir haut, an och an Zukunft, an

enger globale Gesellschaft brauchen, eng

Gesellschaft wou mir musse wësse wéi mir eis

kënnen orientéieren an och matgestalte wëllen.

Dat ass duerchaus am Sënn vun der Rifkin-

Etude, wou eng méi breet Basisdemokratie

gefuerdert gëtt an nei Perspektive gebraucht

ginn.

Doriwwer eraus léiert een och essentiell

Kompetenze wéi zum Beispill

Perspektivewiessel, Empathie, Responsabilitéit

huelen a besser kommunizéieren.

Wéi die Aarbecht konkret ausgesäit a wat

fir eng Aktivitéiten do organiséiert kennen

ginn, kennt der an der Semaine de l’Education

au Développement Durable - Connecting

lives - eng Woch nohalteg (er)liewen“ matterliewwen,

déi dëst Joer vum 15ten bis den

21ten Oktober stattfënnt. Méi Informatioun op

http://connectinglives.cercle.lu

Rebecca Kirch,

Responsable Sensibilisation

et Education au Developpement (rebecca.

kirch@cercle.lu)

a Véronique Faber,

Responsable Plaidoyer Politique

322

LG - Best of & Guide 2017